Beim beléiften Online-Spill Fortnite kann een Extraen am Spill kafen, fir besser ze ginn. D'Entwéckler wëllen dofir d'Servicer vun Apple a Google ëmgoen.

A goufen doropshin direkt aus den App-Stores vun de mobille Softwarebedreiwer geläscht. Wann een an Apps Funktioune kafe kann, da schwätzt ee vun In-App-Keef. Bei deene verdéngen Apple oder Google 30% mat. Epic Games, d'Entwéckler vu Fortnite, hunn d'Méiglechkeet fonnt, fir op hiren Appen dee Service vun Apple a Google ze ëmgoen an dofir méi bëlleg Déngschter un d'Spiller ze verkafen.

Et gouf scho Kritik géint dee System, well déi 30% ze héich wieren, ma och, well et soss keng Alternativ gëtt, zu den In-App-Keef iwwer Apple a Google. Epic Games hunn eng kleng Revolutioun ugestiwwelt, virdrun hat sech de Museksdéngscht Spotify scho bei der Konkurrenzagence vun der EU-Kommissioun beschwéiert.

Well d'Apple-Notzer elo Fortnite net méi erofluede kënnen an och déi nächst Versioun vu Fortnite net méi geupdate kréien, huet Epic Games hir Clienten dozou opgeruff, sech mam Hashtag #FreeFortnite opzereegen. Wann een en Android-Gerät huet, ass d'Saach bëssi anescht. Well do kann een och Apps, esou och Fortnite, vun anere Plazen eroflueden, wéi aus dem Google Play Store.

Fortnite war virun där Aktioun scho gutt op dës Reaktioun virbereet an hat schonn eng Klo vu ronn 60 Säite geschriwwen. Donieft gouf ee Video produzéiert, deen ee Spot vun Apple vun 1984 parodéiert. De Video, deen och 1984 heescht, huet sech um George Orwell sengem Buch inspiréiert a weist eng totalitär Welt, an där de Computer-Marché vun IBM dominéiert gëtt. Apple rett dës Welt dann. D'Parodie vu Fortnite ass bal d'nämmlecht, et ass just een Apel, deen d'Welt dominéiert, a Fortnite, déi se vum Apple-Monopol rett.

Fir Apple sinn d'Reegelen am App Store fir jiddereen, esou missten och Epic Games sech dorunner halen. D'Reegele wieren dofir do, fir d'Clienten ze schützen.