Freet ee säin Ëmfeld no deem éischte Videospill-Personnage, deen engem afält, kritt een dacks déi selwecht Äntwert: De Super Mario...

Ma genee dee feiert dëst Joer seng 35 Joer an Nintendo feiert dat och uerdentlech, dat mat enger ganzer Partie u nei opgeluechte Spiller an Ukënnegungen.

Déi rout Kap mam „M“ drop, déi blo Salopett an de schwaarze Schnurres... All Kand kennt en a jiddwereen, deen an iergendenger Form eppes mat Videospiller um Hutt huet, dierft wuel net laanscht e komm sinn. De Super Mario ass net nëmmen d’Personifizéierung vun der Mark Nintendo, ma steet fir vill Leit och sënnbildlech fir d’Videospill-Kultur am Generellen. A wann dee seng 35 Joer feiert, dann dierf och scho mol méi deck opgedroe gi säitens dem japanesche Videospillhiersteller Nintendo.

Ënnert anerem wäert fir eng limitéiert Zäit „Super Mario 3D All-Stars”, eng Collectioun vun de beschten 3D-Mario-Spiller aus der Vergaangenheet erauskommen. Enthale si "Super Mario Galaxy", "Super Mario Sunshine" a "Super Mario 64". D’Spiller goufen extra remastered a fir d’Nintendo Switch optiméiert. Verkaaft gëtt d’Spill tëscht dem 18. September an dem 31. Mäerz 2021.

Ganz interessant fir d’Retrogamer dierft dann e weideren Highlight sinn, nämlech e fonkelneie Game&Watch. Dës Handhelde goufen an den 80er Jore mat vill Succès verkaaft, an elo, mam Gebuertsdag vum Super Mario, soll dann e fonkelneie limitéierte Game&Watch-Handheld erauskommen, dat mat faarwegem Display, op deem een da Super Mario Bros., Super Mario Bros.: The Lost Levels an d’Kultspill „Ball“  zocke kann.

Weider Highlighte sinn en neie Mario Kart, an deem een a senger eegener Wunneng, mat engem ferngesteierte Kart ka participéieren an e zäitlech begrenztend Battle-Royale-Spill mam Numm Super Mario Bros. 35. Bis zu 35 Spiller kënnen hei simultan deelhuelen, dat eben an engem Battle-Royale-Mode. Ma och dat Spill soll nëmme bis den 31. Mäerz kënne gespillt ginn.

Ma och aner grouss Nintendospiller, wéi Animal Crossing, Splatoon 2, Super Smash Bros Ultimate, Super Mario Marker 2 oder Mario Kart wäerten am Kader vum Anniversaire Iwwerraschunge parat hunn. E Klenge Goodie kënnen d’Fans awer elo schonn ausprobéieren an zwar wann een op déi offiziell Homepage vun Nintendo geet. Hei kann een d’Joer aginn, an deem een op d’Welt komm ass an da kucken, wéi al ee war, wéi d’Mario-Spiller erauskomm sinn. Wien sech sou richteg al wëll fillen, kann dat ganzt jo mol ausprobéieren.