Pünktlech zur Chrëschtzäit huet Amazon d’Top 20 vun de meeschtverkaafte Spiller am Joer verëffentlecht. Dobäi ass virun allem een Hiersteller omnipresent.

Hei déi komplett Lëscht vun den 20 Spiller, déi am meeschte verkaaft goufen:

1. Pokémon-Legenden: Arceus (Switch, GAME FREAK)
2. Nintendo Switch Sports (Switch, Nintendo)
3. Pokémon Purpur (Switch, GAME FREAK)
4. Mario Kart 8 Deluxe (Switch, Nintendo)
5. Fifa 23 (Playstation 4, EA)
6. Minecraft (Switch, Mojang)
7. Kirby und das vergessene Land (Switch, HAL Laboratory)
8. Pokémon Karmesin (Switch, GAME FREAK)
9. Splatoon 3 (Switch, Nintendo)
10. Mario Party Superstars (Switch, NDcube)
11. Mario Strikers: Battle League Football (Switch, Next Level Games)
12. New Super Mario Bros U Deluxe (Switch, Nintendo)
13. Fifa 23 Legacy Edition (Switch, EA)
14. Super Mario Odyssey (Switch, Nintendo)
15. The Legend of Zelda: Breath of the Wild (Switch, Nintendo)
16. Just Dance 2022 (Switch, Ubisoft)
17. Super Mario 3D World + Bowser's Fury (Switch, Nintendo)
18. Fifa 23 (Playstation 5, EA)
19. Fifa 22 Legacy Edition (Switch, EA)
20. Animal Crossing: New Horizons (Switch, Nintendo)

Opfälleg dobäi ass, datt d’Majoritéit vun de Spiller vun Nintendo oder vu Game Freak verëffentlecht gouf. Dëst war och schonns an de Joren 2020 an 2021 de Fall. Doriwwer eraus fënnt ee ganzer 18 Nintendo-Switch-Spiller an dëser Lëscht erëm. Déi aner zwee Spiller si fir d'Konsole vum Hiersteller Sony erauskomm.

Besonnesch interessant ass de Fait, datt gutt méi wéi d’Hallschent vun de Spiller guer net am Joer 2022 erauskomm ass, bezéiungsweis se schonn zënter méi wéi 5 Joer um Marché sinn. Allerdéngs gehéiert d'Nintendo Switch zënter Joren zu de beléiftste Konsolen an d'Verkafszuele vun der Nintendo Switch sinn zënter Jore relativ stabil. Dëst kéint erklären, firwat d'Klassiker ëmmer nach an der Lëscht vertruede sinn. Weider goufen d'Spiller, wéi beispillsweis Mario Kart 8 Deluxe am Joer 2022 mat Updatë versuergt, soudatt d'Spiller nees toppaktuell sinn.

Nieft de sëllegen Nintendo-Spiller an den neie Pokémon-Spiller, sinn och dëst Joer nees den obligatoreschen Just-Dance-Ofleeër souwéi den neie Fifa-Ofleeër an der Lëscht vertrueden. Eng richteg Iwwerraschung feelt dogéint op der Lëscht. Dat eenzegt, wat villäicht fir deen een oder aneren iwwerraschend kënnt, ass datt mat Nintendo Switch Sports e Spill op der zweeter Plaz steet, wat vun Experten an der Videospill-Community allgemeng als zimmlech schlecht ofgestempelt gëtt.

Hätt Dir mat dëser Lëscht gerechent? Wéi eng Spiller hutt dir vun dëser Lëscht an Ärem Besëtz? A wéi mengt Dir wäert d’Lëscht nächst Joer ausgesinn? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.