Mam neisten Hit vun Ubisoft konzentréiert ee sech voll a ganz op d'Hannergrondgeschicht vum Haaptpersonnage "Basim".

Assassin's Creed Mirage - Reportage David Winter

D'Fans vun der bekannter Spill-Serie «Assassins' Creed» waren am Laf vun de leschte Joren schon a sou munche spannende Länner a Stied. Ënnert anerem goung d'Rees op Paräis, Roum a Jersusalem, et war ee wärend dem Onofhängegkeetskrich an den USA oder als Pirat an der Karibik. An der neister Editioun vum Spill mam Numm Assassin's Creed Mirage" reest een dës Kéier an den Orient zeréck.
Den Assassine "Basim" dierft de Fans vun Assassin's Creed scho bekannt sinn, dat well hien d'Spillerinnen a Spiller scho beim Virgänger «Assassin's Creed - Valhalla» begleet huet. Elo gëtt an sech seng eege Geschicht beim aktuellen Nofollger erzielt, esou de Simon Arseneault, World & Quest Cirector vun Assassin's Creed – Mirage:

„We knew we wanted to do a game about Bassim and his history, we know he is coming from Bagdad. And in the 9th century, it was also one of the biggest cities of the world: one million people, great architectural style with flat roofs, so very good for a back-to-the-roots approach. We wanted to go back to parkour, it was very well aligned."

"Mir wollten a Spill iwwert de Basim maachen. Hie kënnt aus Bagdad. Am 9. Jorhonnert war Bagdad eng vun de gréisste Stied op der Welt: eng Millioune Mënschen, genial Architektur, flaach Diecher  - ideal fir eise "Back-to the Roots"-Usaz. Mir wollten zeréck zu Parcous - dat passt perfekt."

RTL

© Ubisoft

Fir den neisten Deel vun der Serie goufe grouss Deeler vum mëttelalterleche Bagdad zum Liewen erwäscht, fir dass d'Spillerinnen a Spiller sech do sou richteg ausliewe kënnen, dat an der gewinnter Parcours-Manéier:

"As you are going to experience the city of Bagdad, we built it to have a playground for the player on the rooftops. It was his heaven. He could almost cross the whole city as if the floor was lava and never touching one foot on the street. And when you go down on the street level, you are in the buzzling streets with all the civilians around you talking different languages or having different activities representing the 9th century. So you are pretty much living in Bagdad on the streets and having fun parkouring the rooftops."

Bagdad ass eng riseg Spillplaz fir Spillerinnen a Spiller: Op Hausdiecher kann ee quasi duerch déi ganz Stad, ouni eng eenzeg Kéier de Buedem ze beréieren. Ass een op der Strooss ënnerwee, erlieft een eng lieweg Stad mat enger grousser Unzuel u Bewunner, déi hiert eegent Liewe féieren. De Basim lieft also op de Stroosse vu Bagdad an et huet een als Spiller vill Spaass mat de Parcours-Elementer iwwert den Diecher vun der Stad."

Mat 20 bis 30 Stonne Spillzäit ass Assassin's Creed Mirage méi kuerz vir déi Deeler virdrun, déi dacks ëm 90 oder méi Stonne louch. Ma dofir läit dës Kéier de Fokus komplett op der Story an op der Haaptfigur Basim. An dëst versprécht op alle Fall fir vill Spannung an Action.

Assassin's Creed Mirage ass fir PC, Playstation an Xbox erauskomm.

Wann dier och elo Loscht kritt hutt duerch déi antik Stroosse vu Bagdad ze zéien, ma dee ka bei eisem Quiz matmaachen, fir mat e wéineg Chance d'Spill eemol fir d'Playstation 5 gewannen.