Mat Leit déi Videospiller zocken verbënnt sou muncher een jo Persounen, déi vill virun engem Bildschierm sëtzen a sech wéineg bis guer net beweegen...

De Sport deen een bei de meeschte Videospiller bedreift, erfuerdert hei maximal den Asaz vun enger Tastatur, enger Maus oder enger Manette. Dat ass dacks och de Fall, kloer, majo definitiv net ëmmer. Et ginn tatsächlech Spiller, bei deenen ee sech aktiv beweegt an een deelweis no un e richtege Workout kënnt.

Just Dance 2024 - Reportage David Winter

E gutt Beispill ass zënter Joren d'Spill "Just Dance", wou et, wéi den Numm et seet, ëm d'Danze geet. Mir hunn eis den neisten Deel aus der Serie, nämlech Just Dance 2024, méi genee ugekuckt.

RTL

Just Dance ass definitiv dat erfollegräichste Danz-Spill vun allen Zäiten. Joer fir Joer ginn et nei Choreographien a Features, déi d'Fans zum Danzen animéieren. Dat Wichtegst sinn awer natierlech déi 40 nei Lidder, esou de Matthew Tomkinson, de Creative Director vun Just Dance 2024: „With Just Dance 2024, we've included lots of very danceable pop hits from this year, like 'I'm Good' by Bebe Rexha and David Guetta, 'Flowers' by Miley Cyrus. But we also included some surprises: we've been able to add 'Canned Heat' by Jamiroquai, which is a very great song for Just Dance: We have K-pop, we have Latino songs, we do have some Afro pop songs, so there is a bit of everything for everyone."

En Highlight am Spill dës Joer ass e ganz speziellen a besonnesche Event, bei deem Spillerinnen a Spiller virun der Kuliss vun engem vun de bekanntste Schlässer iwwerhaapt danze kënnen. Nach eemol de Matthew Tomkinson: „We did several collaborations, one of them being on the song 'Night at Chateau de Versailles'. We have this partnership with the chateau and we did some filming so that we could include it and recreate the chateau in 3D within the game and include some baroque steps into it. I really like this one."

E weideren neie Feature bei Just Dance 2024 ass, dass wann een Just Dance 2023 besëtzt, also vum Joer virdru, een d'Lidder vu béide Versiounen elo notze kann vir zesumme mat sengen Frëndinnen a Kolleegen ze danzen. Just Dance 2024 ass fir d'Nintendo Switch, d'Playstation 5 an d'Xbox X an S erauskomm.

RTL

A wien och elo Loscht kritt huet doheem an der Stuff bei den neiste Lidder mat Frënn a Famill ze danzen, dee ka bei eisem Gewënnspill an der Gaming-Rubrik op RTL.lu matzemaachen. Mat e wéineg Chance kënnt der Just Dance 2024 bei eis gewannen.

Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt mat Chance d'Spill eemol fir d'Nintendo Switch!