"Ocarina of Time"Zelda-Klassiker ass zeréck

AFP, iwwersat vun RTL
De Klassiker aus den 1990er Jore gëllt bis haut als ee vun de wichtegste Videospiller iwwerhaapt.
"Ocarina of Time": Zelda-Klassiker ass zeréck
De Klassiker aus den 1990er Jore gëllt bis haut als ee vun de wichtegste Videospiller iwwerhaapt.

En Donneschdeg huet Nintendo ee vu senge bekanntste Videospiller an enger neier Versioun op de Marché bruecht, passend zum 40. Gebuertsdag vun der Zelda-Serie. Mat "Ocarina of Time" geet et fir vill Gaming-Fans op eng Rees an Vergaangenheet.

Am Spill iwwerhuelen d'Spiller d'Roll vum Link, deen d'Prinzessin Zelda rette muss. Dobäi muss hie sech dem béise Ganondorf stellen an tëscht verschiddenen Zäitalteren hin an hier reesen. Besonnesch dëse Wiessel tëscht Kandheet an Erwuessenenalter hat dat ursprénglecht Spill deemools zu eppes Aussergewéinlechem gemaach.

D'Zelda-Serie gëtt et schonn zanter 1986. Erfonnt gouf se vum Shigeru Miyamoto, deen och hannert der bekannter Mario-Figur steet. Iwwer d'Joren huet sech Zelda zu enger vun den erfollegräichste Spillserië vun Nintendo entwéckelt. Eleng "Breath of Wild" an "Tears of the Kingdom" hu sech zesumme méi wéi 55 Millioune Mol verkaaft.

Fir den Elji Aonuma, deen déi nei Versioun produzéiert huet, ass d'Verëffentlechung e besonnesche Moment. Hien huet zouginn, virum Start zimmlech nervös gewiescht ze sinn. D'Reaktioune vun der Faachpress fale bis elo awer positiv aus. Déi brittesch Zeitung The Guardian huet dem Remake fënnef Stäre ginn.

Nieft dem Spillstart gouf den Aonuma och a Frankräich geéiert. Zu Paräis krut hien den Ordre des Arts et des Lettres iwwerreecht.

Fir Nintendo kënnt déi nei Zelda-Versioun zu engem wichtegen Zäitpunkt. De Konzern hofft, domat och de Verkaf vu senger Switch 2 weider unzekierbelen. D'Konsole war 2025 mat engem Rekordstart op de Marché komm mee am zweete Quartal ass den Nettogewënn vun Nintendo ëm 29 Prozent vu ronn 103,5 Milliarden Yen am Joer virdrun op 73,5 Milliarden Yen zeréckgaangen.

Op Amazon gouf et ëm déi 100.000 Virbestellunge vum Spill.

Back to Top
CIM LOGO