
Ugrëff vun Haien op Mënsche si relativ rar a wann et dozou kënnt, da wier et an der Reegel aus Verwiesslung. Enger Etüd no halen d’Déieren d’Beweegunge vu Surfer a Schwëmmer dacks fir hiert Iessen. Esou géift d’Paddele vu Surfer wéi d’Flosse vu Robbe wierken.
Déi vum brittesche Wëssenschaftmagazin “Journal of the Royal Society Interface” publizéiert Analyse konzentréiert sech virun allem op de Wäissen Hai. Déi vum Mënsch besonnesch gefaarten Hai-Aart kann zwar Gerochs- a Schallwellen iwwer gréisser Distanzen erkennen, hir Vue ass dogéint awer relativ schwaach. Der Etüd no kann de Wäissen Hai Faarwen a Formen nëmme schwéier ënnerscheeden. Dat bedeit, datt d’Déier tëscht Mënschen a Flosse kaum en Ënnerscheed erkennt.
D’Paddel- a Rudderbeweegunge vu Surfer a Schwëmmer loossen d’Haien deemno dorop schléissen, datt et Robbe wieren, déi mat hire Flossen änlech Beweegunge maachen. Dobäi wier de Fuerscher no de Risiko vum Hai verwiesselt ze ginn, bei Surfer am héchsten.
Fir d’Etüd hunn d’Wëssenschaftler Videoopname vu Mieresdéiere mat Leit, déi schwammen a surfen, aus der Perspektiv vum Hai verglach. Dem Wäissen Hai wier deemno aus sengem Bléckwénkel eng “eendeiteg visuell Ënnerscheedung tëscht Mënschen a Flossendéieren” net méiglech.