Méi streng Reegelen an DäitschlandHënn solle méi heefeg virun d'Dier a manner eleng gelooss ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Regierung wëll méi streng Reegele fir Hondsbesëtzer an -ziichter aféieren.
© AFP

Wéinst neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser plangt de Landwirtschaftsministère, d’Hale vun Hënn méi staark kontrolléieren. Als éischt hat d’Rheinische Post doriwwer bericht a berifft sech op en entspriechenden Entworf vum Ministère.

An Zukunft sollen d’Muppen an Däitschland op d’mannst zwee mol den Dag fir alles an allem eng Stonn eraus dierfen. Donieft soll och den Transport vun Notzdéieren en Faveur vum Déiereschutz verbessert ginn. An dem entspriechende Gesetzesentworf vum däitsche Landwirtschaftsministère heescht et donieft, datt Hënn an Zukunft net méi de ganzen Dag eleng gelooss dierfe ginn. Eng Betreiungspersoun soll sech, dem neien Text no, e puer mol den Dag ëm d’Déier këmmere mussen.

Grond fir den neien Entworf sollen d’Resultater vun enger wëssenschaftlecher Etüd sinn iwwert d’Bedürfnisser vun Hënn.

Och fir Ziichter solle geschwë méi streng Reegele gëllen. Si sollen nëmmen nach maximal 3 Hënn mat Klenge gläichzäiteg betreien dierfen. Déi jonk Muppe sollen et donieft an den éischten 2 Woche vun hirem Liewen op d’mannst 18 Grad waarm hunn a wéinstens ee mol den Dag Auslaf kréien.

Back to Top
CIM LOGO