Iwwerraschende KaddoHond erweist sech als wëllt Déier an terroriséiert Noperschaft

RTL Lëtzebuerg
Eng Famill huet gemengt, si hätten e léiwe klengen Husky kaf, bis hinne séier bewosst gouf, datt d'Déier keen Hond wier, mä e wëlle Fuuss.

D’Elteren aus dem Peru wollten hirem Bouf eng Freed maachen an hunn him en Hond kaf. De sibireschen Husky wier och direkt gutt vun der Famill opgeholl ginn. Ma wéi den “Run Run” awer ugefaangen huet, Inten an Hénger an der Noperschaft ze rappen, hätt d’Famill séier gemierkt, datt et kee Mupp wier, mä ee wëlle Fuuss.

Den Ziichter aus dem Peru hätt uginn, datt d’Déier e rengrassege “Siberian Husky” wier. Ma fir ronn zéng Euro hate si awer ee Fuuss, amplaz vun engem Hond kaf. Wärend de Bouf probéiert hätt de Mupp als Hausdéier opzezéien, wier dem Papp de Bedruch vum Verkeefer awer séier opgefall.

Bei engem Donnerwieder am Mee hätt sech dat verängschtegt Déier da vun der Famill lassgerappt an terroriséiert zanterdeem déi ganz Noperschaft, andeems hien Inten oder Hénger vun den Noper frësst, fir z’iwwerliewen. Heiansdo géif hie souguer véier bis fënnef Mierschwéngercher friessen an d’Famill misst dofir opkommen. Donieft géif hien iwwerall sténkeg Exkrementer hannerloossen.

Elo wieren d’Autoritéiten ageschalt ginn, fir d’Déier an en Zoo ze bréngen, wou dee verängschtegte Fuuss ee glécklecht Liewe féiere kéint.

Back to Top
CIM LOGO