CGDISHond flücht aus Angscht viru Klappjuegd op Héichsëtz

RTL Lëtzebuerg
E méi ongewéinlechen Asaz gouf et fir d'Pompjeeën e Freideg an der Fiels.

En Hond war wéinst Schëss vun enger Klappjuegd erféiert a fortgelaf. D’Déier huet sech op engem sechs Meter héijen Héichsëtz verschanzt a koum net méi vum selwen eraus.

Eng Déierendoktesch gouf geruff, fir dem 50 Kilo Mupp e liicht Schlofmëttel ze ginn, esou datt d’Rettungsekippe vum CGDIS hien och nees vum Héichsëtz kruten.

Back to Top
CIM LOGO