Happy End fir de BoonrodHond gëtt matten am Mier virun Thailand gerett

RTL Lëtzebuerg
D'Aarbechter vun enger Buerinsel hunn de Mupp aus dem Mier gerett. Ee vun de Mataarbechter wëll den Hond elo adoptéieren an huet em den Numm Boonrod ginn.
© afp

D’Equipe op der Buerinsel eng 220 km virun der thailännescher Küst huet den Hond tëschent de Wellen entdeckt an en aus dem Mier gezunn. Wéi den Hond dohinner komm ass, ass net gewosst. Lokal Medien hu spekuléiert, datt e vun engem Fëscherboot gefall ass an du Richtung Buerinsel geschwommen ass.

No zwee Deeg op der Insel ass de Boonrod an der Provënz Songkhla u Land komm, wou e vun der Déiereschutzorganisatioun Watchdog Thailand empfaangen a vun engem Veterinär ënnersicht gouf. Bis säin neie Besëtzer, de Vitisak Payalaw, Enn dës Mounts erëm Heem kennt, kuckt d’Organisatioun Smile Dog House nom Mupp. Et géif dem Déier gutt goen, en hätt just am Moment Problemer mat der Haut.

Back to Top
CIM LOGO