
Leschte Weekend war déi 50. Editioun vum Marathon an der Milliounemetropol New York. Do hunn net nëmme vill Mënschen hir Fitness op d’Prouf gestallt, ma och ee ganz besonnescht Déierchen. Mat Lafschong ass d’Int Wrinkle duerch d’Stroosse gedüüst an huet bei Kleng a Grouss Begeeschterung ausgeléist.
Kuerz dorop ass e Video vun hir online gaangen. En neien Internet-Star ass entstanen. Zéngdausende Mol gouf de Video schonn ugeklickt. An et hëlt keen Enn. Weltwäit suergt d’Wrinkle bei Déierefrënn fir e Schmunzelen am Gesiicht.