
Tigeren, Elefanten, Äisbieren - déi spuenesch Police huet eegenen Informatiounen no iwwer 1.000 ausgestoppten Déiere beschlagnaamt. Wéi et an enger Erklärung vun der Police e Sonndeg heescht, géing et sech heibäi ëm déi gréissten Entdeckung vun ausgestoppte geschützten Déieren op nationalem Niveau an eng vun de gréissten an Europa handelen.
Déi Privatsammlung gouf an engem Hangar bei Valencia fonnt an ass knapp 29 Milliounen Euro wäert.
405 vun den am Ganzen 1.090 Stéck sinn Exemplare vu geschützten Aarte wéi dee vum Ausstierwe bedrote Bengaleschen Tiger. Och ausgestoppte Geparden, Luchsen, Äisbieren, Krokodiller, Eelefanten an 198 Stousszänn goufen entdeckt.
Géint de Besëtzer vun der Sammlung gëtt der Police no wéinst Schmuggel a verschiddenen Ëmweltdelikter ermëttelt.