Rettungsaktioun a BayernIwwer 100 Kazen aus Wunneng befreit, déi ee "just mat Otemschutz" betriede konnt

RTL Lëtzebuerg
Zu Diepersdorf bei Nürnberg gouf et e schlëmme Fall vun "Animal Hoarding". Déiereschützer hunn op d'mannst 115 Kaze misse befreien.

D’Déierefrënn hunn d’Rettungsaktion als “kräftezehrend” beschriwwen. D’Kazen hunn an enger naasser, sténkeger Wunneng op 60 Quadratmeter ëmgi vun hiren Exkrementer gelieft. 115 Déiere goufen e Sonndeg befreit. 98 Véierbeener koumen an d’Déierenasyl Feucht, 17 Kaze goufen an engem aneren Asyl ënnerbruecht. Op béide Plaze gi si elo opgewiermt, gefiddert a medezinesch versuergt.

Et wier de schlëmmste Fall vun “Animal Hoarding” an hirer Veräinsgeschicht gewiescht, sou d’Asyl Hersbruck. Wéi “Nordbayern.de” schreift, hätten d’Pompjeeën d’Wunneng just mat engem Otemschutz kënne betrieden. Et hätt ganz uerg no Urin gestonk. D’Ootme wier hinne schwéier gefall, well et extrem no Ammoniak geroch hätt, schreift d’Déierenasyl Hersbruck op Facebook.

Just duerch Zoufall ass een op dëse Fall vun “Animal Hoarding” opmierksam ginn. Nodeems e Waasserschued gemellt gouf, hätt een d’Kazen entdeckt. Wéi laang d’Déieren an dëse schlëmmen Zoustänn gelieft hunn, ass net gewosst.

Erstaunlecherweis géing et deene meeschte geretten Déiere gutt goen. Just bei zwee vun hinne géing ee sech Suergen ëm de Gesondheetszoustand maachen.

“Animal Hoarding” beschreift e Krankheetsbild, bei deem Mënschen Déieren a grousse Massen halen, awer net genuch no hinne kucken.

Back to Top
CIM LOGO