RazziaIwwer 140 Tarantelen (Vogelspinnen) um Fluchhafe vu Bogotà séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Razzia géint illegalen Déierenhandel sinn um Fluchhafe vun de kolumbianescher Haaptstad nawell e puer méi Spannen an d'Netz gaangen.
© AFP

D’Spanne waren a Plastikbecheren u Bord vun engem Cargofliger fonnt ginn, 12 waren do schonn erstéckt. Dat huet den zoustännegen Ëmweltministère en Donneschdeg matgedeelt. Zil vun der illegaler Liwwerung sollt a Mexiko goen. Déi noutwenneg Pabeiere fir den Transport oder vu wou d’Spannen hierkommen, louchen net vir.

D’Police huet d’Ermëttlunge lancéiert, fir erauszefanne vu wou d’Déiere stamen an u wie se sollte goen. Am November eréischt waren 232 fir Europa bestëmmte Spanne séchergestallt ginn.

Kolumbien zielt zu de Länner mat der gréisster Aartevillfalt. Dat nationaalt Déieren- an Ëmweltschutzgesetz gesäit schwéier Strofe fir de Schmuggel vun Déiere vir. Der internationaler Naturschutzunioun (UICN) no sinn “Vullespannen” bei Fans vu Spanne virun allem immens beléift, well si zam sinn a wéinst hire Faarwen.

Back to Top
CIM LOGO