
Vun de ronn 6.750 Aarten, déi bewäert goufen, gëlle 26,2 Prozent als menacéiert. Dat geet aus der neier Rouder Lëscht vum Bundesamt für Naturschutz ervir. Bei wéinegen Aarte wieren d’Bestänn eropgaangen, bei deene meeschte gouf allerdéngs e Réckgang festgestallt. Virun allem bei Insekten, déi an de Géigende vu Gewässer liewen, ass de Bestand u menacéierten Déieren héich. Bei den “Eintagsfliegen” sinn et zum Beispill 40,5 Prozent.
Zu de Kiewerleken, déi als besonnesch menacéiert agestuuft goufen, zielen de “Blattkäfer” mat 41,1 Prozent an de Rüsselkäfer mat 39 Prozent. Virun allem de Verloscht vun naturnoe Liewensraim féiert dozou, datt d’Bestänn ëmmer méi zeréckginn.
D’Insektestierwe geet ouni Paus weider, sou e WWF-Expert fir Insekteschutz. Dobäi wieren d’Grënn scho Längst bekannt: Verloscht vu Liewensraim duerch intensiv Landwirtschaft, Flächeversigelung, Belaaschtung vum Buedem an de Gewässer duerch Agrar-Chemikalien, Auswierkunge vun der Klima-Kris, invasiv Aarten a Liichtverschmotzung.
De Réckgang vun den Insekte kann nëmme gestoppt ginn, “wann d’Landwirtschaft als gréisste Flächennotzer an Däitschland insektefrëndlech gëtt”, heescht et vu WWF.
Op de roude Lëschte vum BfN (Bundesamt für Naturschutz) gëtt opgelëscht, wéi eng Déieren, Planzen a Champignonen als menacéiert gëllen.