BayernIwwerfuerderte Bauer léisst 170 Béischten erhéngeren

RTL Lëtzebuerg
En anonymmen Tipp huet d'Police d'lescht Joer op Mëssstänn op engem Bauerenhaff zu Ansbach opmierksam gemaach. Fir 170 Déiere koum all Hëllef ze spéit.

Wéi d’Police um Bauerenhaff ukomm war, waren 170 Béischte qualvoll gestuerwen. De Rescht war esou ofgemoert, datt si hu missen ëmbruecht ginn. Elo steet de Bauer wéinst déidlecher Vernoléissegung vu sengen Déiere viru Geriicht.

Dem Affekot vum Bauer no hätt hien aus Iwwerfuerderung gehandelt a seng ronn 200 Béischten iwwer Méint ënnert anerem net genuch mat Fudder a Waasser versuergt. Wéi den Affekot e Mëttwoch viru Geriicht sot, wier säi 44 Joer ale Client scho méi laang mat der Aarbecht a sengem Betrib iwwerfuerdert gewiescht an hätt ënnert familiäre Spannunge gelidden.

Wärend der Corona-Kris hätt sech d’Situatioun dramatesch verschlechtert, well hien d’Béischten net méi hätt kënne verkafen. “Dat war den Zäitpunkt, wou bei him d’Verzweiwlung agesat hat”, sot de Verdeedeger weider. Hie wier depressiv ginn an hätt sech mat Alkohol gedéit. No der Entdeckung vun den Déiere wier hien endgülteg zesummegebrach an a psychiatresch Behandlung komm.

Back to Top
CIM LOGO