Klengsten HirschaartJonke Südpudu am Kölner Zoo gebuer

RTL Lëtzebuerg
Kuerz Been, donkel Aen a brongrout Fell: Et ass net esou einfach, de Klengen "Dulce" z'entdecken. D'Déier gehéiert zu de klengsten Hirsche vun der Welt.

En Donneschdeg huet den “Dulce” schonn d’Baussenanlag vum südamerikanesche Beräich vum Zoo entdecke kënnen. Trotz senger Virwëlz ass dee klengen Hirsch nach relativ schei an huet sech wärend senger Entdeckungstour no bei senger Mamm gehalen.

Ausgewuess si südlech Puduen nëmmen hallef esou grouss wéi Réi. Si iesse Blieder, Bamschuel, Friichten, Bléien a Knospen. Déi nuetsaktiv Déiere kommen aus den chilenesche Südbichebëscher. Well d’Mini-Hirschen do gejot ginn an hire Liewensraum am Chile ëmmer méi zerstéiert gëtt, hëlt de Wëldbestand an de Bëscher drastesch of.

Back to Top
CIM LOGO