Saudi-ArabienKaméiler goufe fir Schéinheetsconcours mat Botox a Lifting "verschéinert"

RTL Lëtzebuerg
1 Mount laang dauert de Kinnek-Abdulaziz-Kaméil-Festival, bei deem déi schéinsten Déiere géinteneen untrieden. Fir ze gewannen, gëtt och mol gefuddelt.
Foto vum Festival aus dem Joer 2020
Foto vum Festival aus dem Joer 2020
© FAYEZ NURELDINE / AFP

Verschidde Leit wollten hir Kaméiler mat gesprëtzte Lëpsen a Gesiichtslifting “verschéineren”, och wann esou Tricks net erlaabt sinn a Fuddeler mat strenge Strofe rechne mussen. Iwwer 40 Déiere goufen dowéinst vum Schéinheetsconcours disqualifizéiert, mellt déi staatlech Presseagence vu Saudi-Arabien. Botoxinjektiounen, Liftingen oder aner Zorte vu kosmeeteschen Agrëffer ginn net toleréiert.

Foto vum Festival aus dem Joer 2020
Foto vum Festival aus dem Joer 2020
© Faisal AL-NASSER / AFP

Wie sech un d’Reegelen hält a mat deem schéinste Kaméil punkte kann, dee gëtt mat engem Präisgeld vun ëmgerechent 58 Milliounen Euro priméiert. Ënnert anerem huelen d’Jury Kapp, Hals, Hockeren a Kierperhaltung méi genee ënnert d’Lupp.

Mat enger spezieller Technologie gëtt versicht, manipuléiert Kaméiler z’erkennen a verstäerkt géint dës Trickserei virzegoen.

Back to Top
CIM LOGO