
Nodeems si all méiglech Produiten a Medikamenter ausprobéiert huet an d’Pilz-Infektioun sech awer ëmmer weider ausgebreet huet, huet d’Thammapa Supama op en aalt Hausmëttel Kurkuma zeréckgegraff. An der asiatescher Heelkonscht gëllt déi giel Wuerzel als antiseptescht Wonnermëttel géint vill Boboen. Allerdéngs gëtt Kurkuma consomméiert. Ma wat vu bannen heelt, heelt sécher och vu baussen, huet sech d’Besëtzerin geduecht.
D’Thammapa Supama huet hir Kaz mam Gewierz ageriwwen an tatsächlech huet dat Hausmëttel gewierkt. De Pilz ass fortgaangen, ma dofir koum eng aner ganz opfälleg Niewewierkung.
Wie schonn emol mat Kurkuma gekacht huet, dee weess, dass d’Wuerzel d’Fangeren nawell intensiv giel fierft an dat dacks deeglaang nach visibel ass, ier et beim wäschen no an no nees verschwënnt. An esou ass et och der wäisser, respektiv duerno gieler Kaz ergaangen.
Op Facebookhuet si d’Biller vun hirer Kaz verëffentlecht, déi elo zum Internet-Star als Pikachu-Doubel mutéiert ass.