
Mir hu bei der Agence immobilière SOS Immo nogefrot, wéi schwiereg et ass, fir eng Persoun mat Hausdéier eng Wunneng ze fannen, fir déi ze lounen. Et kann ee soen, datt ongeféier 80% vun de Proprietäre keen Déier an hirem Appartement akzeptéieren. Bei den Haiser ass d’Situatioun e bësse manner schlëmm, wann zum Beispill e Gaart dobäi ass. Egal wéi ass et ëmmer wichteg, vun Ufank u mat oppene Kaarten ze spillen a bei der Sich ze verroden, datt een en Hausdéier huet. Et ass nu mol esou, datt net seele Krazspuere vun Hënn un Dieren hannerlooss goufen, Kazen d’Tapéit erofgekraazt hunn oder datt Kaze sech net an der Kazentoilette erliichtert hunn. Weider schlecht Erfarunge wéi Gestank an och Gebills hale Proprietären dovunner of, hiren Accord ze ginn, fir datt en Hausdéier mat eraplënnert.
3 bis 4 Wochen huet d’Céline S. ganz intensiv no enger Wunneng gesicht, wou en Hond erlaabt ass. Et huet u sech net esou laang gedauert, bis si eppes fonnt huet, dat och an hirem Budget louch, nämlech 1.600 Euro plus Chargen. Mä an där Zäit huet si 30 bis 40 Proprietäre respektiv Agencen ugeschriwwen. Entweder sinn nëmmen Ofsoe komm oder si huet guer keng Äntwert kritt. Nëmmen 2 Appartementer sinn a Fro komm. Dat eent war ze al an net richteg propper an an deem anere wunnt si elo. D’Céline S. ass der Meenung, datt d’Leit ëmmer misse fir de Schued opkommen, deen hir Déiere maachen. Eng Méiglechkeet wär eventuell och eng méi héich Kautioun, fir esou d’Proprietären ze rassuréieren. Leider ginn d’Déieren e bësse verdäiwelt, wat sécherlech och duerch déi schlecht Erfarunge kënnt, déi gemaach gi sinn. Locatairë kënnen och selwer ongewollt eppes futti maachen. D’Céline S. fënnt et onlogesch, datt et esou schwéier ass, eng Wunneng ze fanne mat Hausdéier, obwuel et esou vill Hausdéieren zu Lëtzebuerg ginn. Et muss ee scho bal selwer Proprietär vun enger Wunneng sinn, fir deene Schwieregkeeten aus dem Wee ze goen.
D’Jessica S. ass mat Déiere grouss ginn. Fir si gehéieren déi einfach zur Famill a si bedeite fir si och eng gewësse Liewensqualitéit. Aus deem Grond wollt si en Appartement kafen, wou de Réglement de copropriété erlaabt, fir Déieren ze halen. Et géing een awer ëmmer rëm op de sozialen Netzwierker liesen, datt Leit hiert Déier hu missen ofginn, well si einfach keng Wunneng fonnt hunn, wou si hir Kaz oder hiren Hond hätte kéinte mathuelen. Dowéinst huet d’Jessica S. entscheet, wéi si e Locataire gesicht huet, just déi Leit bei de Visitten ze gesinn, déi en Déier hunn. Si war sech bewosst, datt d’Demande fir sou Wunnenge méi grouss ass wéi d’Offer. Mat hirem aktuelle Locataire ass si och ganz zefridden. Si akzeptéiert all Hausdéier an hirer Wunneng. Si kuckt awer, ob d’Unzuel vun den Déieren net ze grouss ass am Verhältnis zu der Gréisst vun hirem Appartement. Sécherlech ass et hir och wichteg, datt d’Leit vun Ufank un d’Kaarten op den Dësch leeën.