Am Norde vu FrankräichKoppel stréckt Kleeder mat den Hoer vun ären Hausdéieren

RTL Lëtzebuerg
Dëst ass keng Geschicht, déi mat den Hoer erbäigezunn gouf, mä effektiv bitt eng Koppel dëst fir Proprietäre vun Hausdéieren op Facebook un.
© Facebook Stylaine dogs - La laine de nos amis

Zu Fontaine-au-Bois, am Norde vu Frankräich, huet eng Koppel eng kleng Entreprise gegrënnt, déi Kleeder aus Hoer vun Hënn a Kaze stréckt. Am Summer hunn den Damien an d’Églantine Decaudin sech geduecht, dass dëst eng flott Méiglechkeet wier, fir e Souvenir vu sengem Hausdéier ze hunn, dee net vergeet.

© Facebook Stylaine dogs - La laine de nos amis

D’Konzept schéngt och Sënn ze ginn, well zum Beispill e Pelz vum Hond méi waarm hält, wéi d’Fell vun engem Schof. D’Koppel selwer ass op d’Iddi komm, wéi hiren Hond, dee méi al ginn ass, ëmmer méi Hoer verluer huet.

© Facebook Stylaine dogs - La laine de nos amis

Mëttlerweil kann een an hirer Gamm Produite wéi Mutzen, Hännercher, Strëmp oder Schalen. Bis ewell ass de Projet e grousse Succès, heescht et. Méi Infoe ginn et op der Facebook-Säit Stylaine Dogs.

© Facebook Stylaine dogs - La laine de nos amis

https://www.facebook.com/pg/stylainedogs/photos/?ref=page_internal


Back to Top
CIM LOGO