AustralienKoppel wëll Hond no 5 Joer laanger Odyssee per Privatjet afléie loossen

RTL Lëtzebuerg
Ëmgerechent 28.000 Euro kascht de Fluch mam Privatjet. Kee Wonner, dass de Mupp de Spëtznumm "Million Dollar Munchkin" krut...
© © Tash CORBIN/AFP/Handout

Et ass eng Odyssee, déi geschwë kéint op en Enn goen. Zanter 5 Joer sicht e Stroossenhond aus Indonesien en Doheem. 3 Joer laang huet e bei enger Fleegefamill am Inselstaat Singapur gelieft, well hien d’medezinesch Tester net bestanen hat, déi noutwenneg sinn, fir an Australien dierfen anzereesen.

Elo, kuerz viru Chrëschtdag, versicht seng Famill alles, fir him endlech dat Doheem ze schenken, dat hie verdéngt huet. Sou einfach ass dëst allerdéngs net... Vun Indonesien goung et a Richtung Singapur an do a Richtung Neiséiland. Well ëmmer nees Flich ausfalen a streng d’Arees-Restriktioune gëllen, sëtzen de Véierbeener a säi Meeschter David Daynes zanter 5 Méint an Neiséiland fest.

Fir deem ganzen Hin an Hier endlech en Enn ze setzen, huet d’Koppel sech entscheet, e Privatjet ze lounen. E Vol, deen net grad geschenkt ass. De Fluch vun Neiséiland an Australien géing nämlech 32.000 Dollar kaschten, ëmgerechent 28.000 Euro. Fir net grad esou vill Geld op den Dësch ze leeën, hoffe si elo, dass si de Fluch kënnen “chartern”, andeems een déi fräi Sëtzer anere Leit ubitt. Pandemie-bedéngt ginn et den Ament nëmme wéineg Flich vun der neiséilännescher Südinsel a Richtung Australien.

Well déi ganz Aktioun vill Geld kascht, huet d’Meeschtesch Tash Corbin den Hond an de sozialen Netzwierker als “Million Dollar Munchkin” bezeechent. Virun 3 Joer hu si bei 40.000 australeschen Dollar (ronn 25.000 Euro) mat rechnen opgehalen, wat de Véierbeener si bis ewell kascht huet. Elo hu si just nach een Zil virun Aen: hiert Hausdéier pénktlech fir Chrëschtdag an hirem Doheem z’empfänken an him nach e puer schéi Liewensjoren ze schenken.

Back to Top
CIM LOGO