Mënsch gefriess?Krokodil hat chirurgesch Placken a Schrauwen am Mo

RTL Lëtzebuerg
An Australien goufen am Mo vun engem doudege Krokodil metalle Stécker fonnt. Méi genee Placken, déi bei engem chirurgeschen Agrëff beim Mënsch agesat ginn.
© AFP Archivbild

En australeschen Déierefleeger huet déi mysteriéis Entdeckung am Mo vum engem 5 Meter laangem Krokodil gemaach, wou sech elo d’Fro gestallt gëtt, ob d’Déier eventuell e Mënsch soll gefriess hunn. Et huet sech erausgestallt, datt et sech ëm eng al Plack a Schrauwen handelt, déi an der Schwäiz produzéiert goufen, Material wéi et vu Chirurge benotzt gouf.

Et ass dovunner auszegoen, datt d’Material vun engem Mënsch staamt, dee viru laanger Zäit dem Krokodil zum Affer gefall ass. Eng genee Identifizéierung wier awer net méi méiglech, heescht et.

Dat 45 Joer aalt Déier mam Numm “MJ” huet op der Krokodil-Farm “Koorona Crocodile Farm” am australeschen Coowanga gelieft a war no engem Sträit mat engem anere Krokodil gestuerwen. Op där Farm kann een iwwer 5.000 Krokodille bewonneren, Produiten aus Lieder kafen oder och nach Krokodilfleesch iessen.

Back to Top
CIM LOGO