Imagine Dragons
Soundtrack: Ralph breaks the internet: Wreck-It Ralph 2

D'Rockband vu Las Vegas ass an der 2. Aventure vun a mam Ralph (Wreck-it Ralph) ze héieren.
Et gëtt wahrscheinlech de "Chrëschtdagsfilm" vum Joer; de granzege Ralph ass erëm do. Dës Kéier mécht hie keng Spiller futti mä de ganzen Internet.
Wann nach am éischten Deel Wreck-It Ralph Owl City dat offiziellt Lidd fir de Film gesponsert haten, sou ass et dës Kéier un der amerikanescher Rockband Imagine Dragons mam Titel Zero, déi aktuell och den Terrain fir hiren nächsten Album Origins preparéieren deen den 9. November erauskënnt.
Ralph Breaks The Internet: Wreck-It Ralph 2 soll vum 21. November un an de Kinoe lafen.
Am meeschte gelies