Russland organiséiert eegenen "Intervision"-Songcontest

© Olesya Kurpyayeva / AFP
E Samschdegowend wäert zu Moskau de Museksconcours "Intervision" ofgehale ginn, e Géigenevent zur westlecher Eurovisioun.
Bei dësem Concours solle Museker aus insgesamt 23 Länner untrieden, dorënner aus fréiere Sowjetstaaten, ma och aus beispillsweis Indien, China a Brasilien. D'Organisateuren hoffen dobäi op méi wéi eng Milliard Spectateuren. Fir Russland trëtt de Kreml-treie Sänger "Schaman" op.
Et ass net déi éischt Editioun vun der Intervision. Scho wärend der Zäit vun der Sowjetunioun ass de Concours ofgehale ginn, fir d'lescht 1980. De russesche President Wladimir Putin hat sech an der Vergaangenheet ëmmer nees dofir ausgeschwat, en nees anzeféieren. Russland wëll d'Gala dofir notzen, fir déi "national Identitéit" an "traditionell Wäerter" ze fërderen. Um ESC däerf d'Land wéinst dem Krich an der Ukrain net méi deelhuelen.