
© Foto Samuel Hamen: Heiko Riemann
Dräi Mënschen, dräi Monologer.
LTZBG, Lëtzebuerg ouni Vokaler, näischt wat verhënnere kéint, dass déi 5 Konsonanten mat héijer Vitess aneneeknuppen, sech géigesäiteg zerdrätschen. Dat ass emol deen éischten Androck, deen ee kritt, wann een dem Samuel Hamen seng «Dräi eestëmmeg Geschichten» (sou den Ënnertitel) viru sech huet. « eestëmmeg », dat huet eppes vu Konsens, sech eens sinn, enger Meenung. Dobäi sinn déi dräi Geschichten, déi de Samuel Hamen hei a Büne-kompatiblem Format erzielt, éischter Monologer, Selbstgespréicher, déi eigentlech keng aner Stëmmen zouloossen.
«Um Enn sinn» En Elterendeel, eng «Persoun ëm déi 35 Joer» déi «mat Porte-Beebee bis zur Hëft an engem Koup Rindenmulch» steet, ass déi éischt vun deenen dräi Stëmmen. Erënnerungen un de Pätter, dee mat Rindenmulch gehandelt huet, ëmmer en enorme Koup Rindenmulch am Haff hat, fir den Elterendeel (ob Mamm oder Papp wësse mir net) war dat an der Kandheet «...eng Biergkett mat Penten, Däller a Gipfelen» an der d’Kanner «Alpiniste vum Rindenmulch» waren. «Menger Virstellungskraaft waren op där Biergkette keng Grenze gesat.». «Fräiheet» a «Paradäis» sinn déi zwee Wierder déi dem Elterendeel dobäi an de Kapp kommen. E Paradäis, dat net sollt vun Dauer sinn, de Betrib gouf zougemaach, de Rindenmulch-Bierg ofgedroen. Elo, als Erwuessene, fënnt sech de Protagonist an engem neie Koup Rindenmulch erëm, am Virgäertchen vun enger friemer Famill, ouni Erkläerung, awer mat Porte-Beebee. A mat enger Akaafstut, déi enger schicker Madamm gehéiert huet, déi iwwer dee klenge Jong am Porte-Beebee näischt besseres ze soe wousst, wéi: «Ganz gutt...mir brauchen demnächst nees Zaldoten.»
«Vehement ginn» Den Tony huet 65 Joer an es déck sat. Dovun, dass sech a sengem Lëtzebuerg alles verännert. Dass Beem ëmgemaach ginn fir eng Industrizon ze bauen. Dass keen hie méi versteet wann en e Béier bestelle wëll. Dass seng Fra hie verlooss huet. An dass een och duerch béis Rezensiounen um Internet näischt dorun ännere kann. Net wierklech. Dowéinst fënnt en sech elo an engem Buedzëmmer mat wäisse Plättercher erëm, mat rosene Fäischt déi widder d’Dir knuppen fir hien aus senger Stopp erauszeforcéieren.
«Genuch ze dinn» gëtt et fir d’Protagonistin (ëm déi 35 Joer) vum drëtte Monolog momentan net. An hirem Foodtruck op engem Festival, am schloe Reen. Do ass grad keen un enger Portioun Kniddelen interesséiert, weder der traditioneller mat Speck an Äppelkompott, nach der veganer. Genuch Zäit fir nozedenken an eng lang Sproochnoochricht un hiren Ex-Partner opzehuelen. Deen, deen iergendwéi ëmmer alles besser wosst. «Ech hunn däerfen alles soen, hat awer näischt ze soen», sou dréckt si et aus. Och net op Portugiesesch, der Sprooch vun hirer Mamm, oder op Hollänesch, der Sprooch vun hirem Papp.
Jidderee schwätzt fir sech, mä allen dräi fannen se sech an dësem Lëtzebuerg net zurecht, fillen sech ageengt an iwwerfuerdert. Den Drock ass grouss: «Vill Virstellungen géint déi ech net verstoussen däerf...» (S.125) an et ass beileiwen net just eng eeler Generatioun déi mat domat net eens gëtt. Wat dee klenge Butz a sengem Porte-Beebee erwaart, wëll een sech emol net ausmolen. Gëtt et en Auswee fir déi dräi? Déi Fro muss all Lieser sech selwer beäntweren.
"LTZBG - Dräi eestëmmeg Geschichten"
Samuel Hamen
erauskomm bei: éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-2-919822-24-9
20€