Déi 67 Joer al US-Sängerin Madonna huet fir d'nächst Joer en neien Dance-Album annoncéiert.

Mat hirer Musek wéilt si eegenen Aussoen no och e puer "noutwenneg Debatten" ustoussen. D'Madonna ass déi Kënschtlerin, déi weltwäit déi héchste Verkafszuele virweise kann. Dee leschte Studioalbum koum 2019 eraus.

Och fir dësen Album huet d'Madonna nees mam Label Warner Records zesummegeschafft, mat deem si an den 1980er Joren hir éischt Hit wéi "Like a Virgin" an "Holiday" hat. 2007 hat si Warner verlooss, nodeems si e Kontrakt mat Live Nation Records ënnerschriwwen hat.

"Ech freeë mech op d'Nees-Vereenegung a freeë mech op d'Zukunft, an där ech Musek an dobäi eppes Onerwaartes maachen", sou d'Madonna. Dobäi géife vläicht "e puer noutwenneg Debatte" provozéiert ginn.

Den neien Album gëtt vum DJ a Songwriter Stuart Price produzéiert. Mat him hat d'Madonna 2005 d'Plack "Confessions on a Dance Floor" mat Hits wéi "Hung up" a "Sorry" verëffentlecht. An der Vergaangenheet hat d'Sängerin mat hirer Fräizügegkeet a provokativen Optrëtter Tabue gebrach an nei Trends gesat.

No dräi Alben, déi nëmme mëttelméisseg gelaf sinn am Joer 2019, war d'Madonna schonn 2021 nees zeréck bei Warner. Am Mai 2024 hat d'Sängerin mat engem Gratis-Concert un der Copacabana zu Rio de Janeiro zum Ofschloss hirer Welttournée fir Begeeschterung gesuergt. Siwe Grammy's sti bei der US-Sängerin doheem an der Vitrinn a si gehéiert zanter 2008 zur Rock & Roll Hall of Fame.