Fir "Hyperefficient - Optimize your Brain to Transform the Way you Work" krut d'Mithu Storoni zu London de Präis "Business Book of the Year 2025"

Den 10te September goufen zu London d'Gewënner vun de Business Book Awards bekannt ginn. Honnerte vu Bicher aus der ganzer Welt waren an der Competitioun fir d'Präisser déi an net manner wéi 14 verschiddene Kategorien verdeelt goufen, dorënner Sales & Marketing, People Culture & Management, Change & Sustainability oder och nach Wellness & Wellbeing. An dëser leschter Kategorie goung de Präis un eng Lëtzebuergerin, d'Mithu Storoni. Si ass deen Owend awer net mat engem, mä direkt mat zwee Präisser heemgaangen: nieft de Gewënner an de verschiddene Kategorien gouf nämlech och nach ee Gewënnerbuch kategorieiwwergräifend ausgezeechent. An och dëse Präis goung un der Mithu Storoni hiert Wierk "Hyperefficient - Optimize your Brain to Transform the Way you Work"!

RTL

© Edwin Ladd Media

Eng glécklech Gewënnerin déi an hirer Dankesried dëst gesot huet: 
"Dëst ass d'Zäitalter vum Gehier, wou d'Qualitéit vun de Gedanken méi wichteg fir de Succès ass wéi d'Quantitéit vun den Efforten déi ee mécht. Hypereffizient ze sinn, bedeit der Qualitéit d'Prioritéit iwwer d'Quantitéit ze ginn. Ech sinn de Business Book Awards immens dankbar an ech si ganz houfreg a geéiert dass "Hyperefficient" zum  Business Book of the Year gewielt gouf"

Mir konnten d'Mithu Storoni erreechen an hir e puer Froe stellen:
Wat fir eng Bedeitung huet de Business Book of the Year Award fir Iech?
Mithu Storoni:"Ech fille mech wierklech geéiert! An eiser Zäit sinn et dacks Geschäftsleit déi de Motor vum Fortschrëtt undreiwen. Et huet mech ëmmer faszinéiert wéi si an engem onsécheren Environnement kreativ schaffen a Problemer léisen. Dat war d'Inspiratioun fir mäi Buch "Hyperefficient" An dowéinst ass dëse Präis eng grouss Éier fir mech."

RTL

© Yellow Kite

Wourëms geet et an dësem Buch an u wien riicht et sech?
Mithu Storoni: "Haaptthema vum Buch ass, dass mir alleguer eis Manéier ze schaffen ännere mussen an dëser neier Welt vun der kënschtlecher Intelligenz an der Spëtzentechnologie. Bis elo ass et dacks net drëm gaangen fir Qualitéit ze produzéieren, et ass éischter ëm Quantitéit gaangen, egal a wéi engem Aarbechtsberäich. Mä den Aspekt "Quantitéit" kann a ville Beräicher elo vun der KI iwwerholl ginn. Zum Beispill kann eng KI Aekrankheeten, déi duerch Diabetes verursaacht ginn, méi séier erkennen wéi en Aendokter. KI ass méi séier doran fir einfach juristesch Rotschléi ze ginn, wéi dat jonk Juriste kënnen an eng KI ka souguer Artikelen, Mailen a Bicher méi séier schreiwe wéi e Mënsch. D'Resultat dat KI ubidde kann, ass awer am beschte Fall mëttelméisseg. Fir echt Kreativitéit brauch een e mënschlecht Gehier. Nëmmen e Mënsch kann Intuitioun an innovatiivt Denken uwennen fir wierklech komplex Problemer ze léisen. Awer d'Mënsche kënnen dësen héije Qualitéits-Standard net erreechen wa mir esou weider schaffen wéi bis elo. Eis Aarbechtsweis huet hir Wuerzelen an der Fliessband-Aarbecht vum fréien Industriezäitalter, deemools war Quantitéit méi wichteg wéi Qualitéit. Fir eng besser Qualitéit brauch dat mënschlecht Gehier awer e ganz aneren Ekosystem. D'Gehier huet seng eegen intern Rhythmen déi seng Aarbecht beaflossen. Doduerch kann een tatsächlech d'Qualitéit vu senger Aarbecht verbesseren andeems ee sech mat dëse Rhythme synchroniséiert aplaz dem Gehier eng Standard-Aarbechtsweis opzezwëngen." 
 
Wat ass Äere professionellen Hannergrond, firwat hutt Dir decidéiert Bicher ze schreiwen a wat huet Iech op Lëtzebuerg bruecht?
Mithu Storoni: "Ech hunn en Hannergrond an der Medezin, Ae-Chirurgie, Neuro-Ophtalmologie a Recherche an den Neuro-Wëssenschaften. Mam Schreiwen hunn ech ugefaangen wéi ech zu Hongkong gelieft hunn. Deemools hunn ech eng Faszinatioun fir déi neurowëssenschaftlech Basis vun intellektueller Aarbecht a Produktivitéit entwéckelt. Meng Verbindung zu Lëtzebuerg kënnt dohier, dass ech zënter méi wéi 20 Joer mat engem Lëtzebuerger bestuet sinn!"

Pressecommuniqué vun Business Book Awards:

PRESS RELEASE
Business Book of the Year 2025 Revealed
The Business Book Awards celebrate the most inspirational business books across 14 categories
Celebrating the best business books published in 2024 – shortlist selected by a panel of the UK’s top business journalists, thought-leaders and entrepreneurs.
Business Book of the Year 2025 selected as Hyperefficient by Mithu Storoni – a science-backed guide to get your brain working at peak efficiency.
Winners recognised across 14 categories – including leadership, Diversity and Inclusion, Sustainability and Wellness & Wellbeing and Work & Life.
[Wembley, London, 10 September 2025]: The winners of The Business Book Awards 2025, in Partnership with Pathway Group, were announced at its Annual Gala Dinner at The Drum in Wembley on 10 September. 
Hundreds of books from authors and publishers worldwide were carefully considered before being shortlisted across 14 categories including Leadership, Change & Sustainability, Business Journey and Wellness & Wellbeing. 
Following a rigorous judging process, each category winner was chosen by a panel of experts, with the overall Business Book of the Year 2025 selected as Hyperefficient by Mithu Storoni, who said: “This is the era of the brain, when the quality of your thoughts are a bigger driver of success that the quantity of your efforts. Being Hyperefficient is prioritising quality over quantity. I'm immensely grateful to the Business Book Awards and very humbled and honoured that Hyperefficient was chosen as the Business Book of the Year.”
Head Judge Jacq Burns, founder of the London Writers’ Club and former Commissioning Editor at Random House and Editorial Director at Harper Collins, said: “A huge congratulations to our winners! We saw some outstanding entries this year which showcased the creativity and insight that business books can offer. This year’s Business Book Awards were a celebration of how books can inspire, challenge and equip readers for the future.”  
Now in its eighth year, The Business Book Awards has become one of the most prestigious events for non-fiction authors. Renowned for celebrating excellence and innovation, the awards also strive to be as inclusive as possible, celebrating diversity of authors and welcoming traditional, hybrid and self-published books.  
Discover more about the awards and winners at: www.businessbookawards.co.uk

BUSINESS BOOK AWARD 2025 WINNERS: 
Business Book of the Year: Hyperefficient by Mithu Storoni (Yellow Kite)
Start-Up / Scale-Up: Startup Different by David and Chris Sinkinson (Page Two)
Sales & Marketing: Brand Momentum by Tony Lewis (Vision-X)
People Culture & Management: Kind by Graham Allcott (Bloomsbury)
Change & Sustainability: The Upside of Disruption by Terence Mauri (Wiley)
Leadership: Leadership Transition by Michael Stanford (LID)
Work & Life: SMARTER by Emily Austen (Piatkus)
Business Self-Development: Coach Yourself Confident by Julie Smith (Practical Inspiration Publishing)
Wellness & Wellbeing: Hyperefficient by Mithu Storoni (Yellow Kite)
Short Business Book: Can I offer you something? by Becky Westwood (Right Book Press)
Specialist Book: Bridging the Gap by Dr Catherine Hua Xiang (LID)
Diversity, Inclusion & Equality: The Neurodiversity Edge by Maureen Dunne (Wiley)
Business Journey: Valley Girls by Kelly Steven-Waiss (Forbes)
Smart Thinking: Tune In by Nuala Walsh (Harriman House)
International Business Book: Measuring Inclusion by Paolo Gaudiano (Practical Inspiration Publishing)
ABOUT THE AWARDS 
The Business Book Awards celebrates the innovative and inspirational books authored by thought leaders in the UK and overseas to help businesses of all kinds grow and thrive. The awards reflect the growth and development of the business book market in recent years – an area of publishing going from strength to strength. Breaking down long-established barriers, the judges accept entries from self-published authors, hybrid and traditional publishers, and promote diversity in writing and publishing.