D' Buch ass aus dem Englesche vum Martin Ruf iwwersat ginn an ass vum Heyne Verlag verëffentlecht ginn.

Fir déi Leit, déi sech schonn ëmmer gefrot hunn, wéi hiert Liewe wuel verlaf wier, wa se an engem gewëssene Moment en anere Choix getraff hätten, misst eist Buch vun der Woch, Traum des Lebens vum engleschen Auteur Jeffrey Archer, genee dat Richtegt sinn. Den Archer, deen ënnert anerem bekannt ass fir säi Roman Kain an Abel an d'Clifton Saga, erzielt d'Geschicht vun zwee russesche Flüchtlingen, déi am Ufank vum Buch e ganz einfache Choix hunn: setze se sech an d'Schëff fir an Amerika oder an d'Schëff fir an England?

De Choix a wat fir e Boot den Alexander a seng Mamm d'Elena klammen, ass awer an deem hei Fall relativ. Wann een am richtege Liewen ëmmer effektiv ee Choix muss treffen, huet een a Geschichten d'Méiglechkeet e puer Possibilitéite gläichzäiteg auszeliewen. De wat-wier-gewiescht-wann ass d'Haaptthema vum Buch:

„Jetzt müsst ihr nur noch entscheiden, ob ihr nach Amerika oder nach England wollt“, flüsterte Kolja. „Kopf Amerika, Zahl England“, sagte Alexander und schnippte die Fünf-Kopeken-Münze in die Luft. Die Münze hüpfte über den Asphalt, bevor sie schließlich direkt vor seinen Füßen liegenblieb. Alexander beugte sich nach vor und betrachtete die Prägung ...

Et gëtt ni verroden, op wéi enger Säit d'Mënz dann elo effektiv geland ass, den Auteur erzielt eis parallel déi zwou Geschichten. Déi eng beschreift dem Haaptprotagonist, dem Alexander Karpenko, säi Liewen zu London an déi aner erzielt, wéi e säi Liewen zu New York meeschtert. Fir dem Lieser e bëssen e besseren Iwwerbléck ze erschafen, kreéiert den Auteur zwou Perséinlechkeete mat zwee verschidden Nimm. An der amerikanescher Geschicht heescht en Alex an an der englescher ass en de Sacha, eng typesch russesch Ofkierzung fir Alexander.

An deenen zwou Geschichten, weist eis den Archer e Charakter mat immens vill Potential, deen dauernd op Leit trefft, déi versichen en ënnerzekréien. Et geléngt em awer trotz allem ëmmer erëm ze gewannen an an deenen zwou Geschichten, mécht en eppes aus sech. An England lant en als excellente Schüler zu Cambridge a baut sech als Labour Deputéierten eng politesch Carrière op. An der amerikanescher Versioun gëtt en Entrepreneur a Chef an enger Bank. A béide Liewen, geréit en an déi eng oder aner Zort vu Skandal, wat drop hindeit, dass an der Welt vum Buch trotz allen eng Form vu Schicksal existéiert, eppes wat een net ka verhënneren, egal wéi ee Choix dass een hellt.

Richteg intressant  a witzeg gëtt et awer, wann de Sacha op New York reest a Leit kenneléiert déi den Alex kennen an den Alex op London reest an do Leit kenneléiert, déi de Sacha kennen. Do kritt een ee Moment d'Impressioun, et géif een en Science Fiction Roman liesen. Déi Impressioun ass allerdéngs awer net vu laanger Dauer. D'Buch couvréiert am Ganzen dräi Joerzéngten an deenen de Charakter op Erfolleg a Léift stéisst.

Iergendwann stellen den Alex an de Sacha allerdéngs fest, dass d'Vergaangenheet se anhëlt an et féiert se allen zwee zréck an d'Heemecht op Leningrad. Dat gëtt dem Buch en Hauch vun der griichescher Tragedie: de Fait, dass egal wat ee mécht a wéi ee Choix een trefft, een net virun deem, wat muss geschéien, ka fortlafen.

Traum des Lebens ass bis an dat lescht Detail genee duerchduecht an trotz de 704 Säiten, liest de Roman sech relativ séier. Et ass esou opgebaut, dass een an all Kapitel aus der enger Geschicht erausgerappt gëtt, fir déi aner Versioun eran ze klammen. Doduerch ass een dauerhaft gefesselt an dem Archer säi fléissende Stil mécht et engem och einfach sech an d'Emotioune vum Buch eranzeversetzen a mat de Charakteren all Moment matzefillen. D'Beschreiwungen si bont an et sinn vill iwwerraschend Momenter dran, wou engem de Mond opstoe bleift an ee muss zréck bliedere fir ze kucken, ob een elo wierklech richteg gelies huet. E Buch, wat begeeschtert an op jiddefalls ze recommandéieren ass.

AUDIO: Buch vun der Woch: Traum des Lebens, Jeffrey Archer