Henning Mankell: Die rote Antilope

'Die rote Antilope' huet 384 Säiten an ass 2001 bäi DTV erauskomm
“Die rote Antilope” erzielt vun engem jonken, net besonnesch talentéierten, schwedesche Wëssenschaftler, deen um Enn vum 19. Jorhonnert décidéiert, eng Expeditioun a Südafrika z'ënnerhuelen - hie wëllt do probéieren sengem mëttelméissege Liewen e Sënn ginn. Den Hans Bengler huet sech deemno fest virgeholl, an Afrika e bislo onbekannt Insekt z'entdecken fir sech e groussen Numm ze maachen. Wéi en nees heem a Schwede fiert, bréngt en net nëmmen eng Valis mat doudegen Insekte mat, mä e och e klenge Jong, deem seng Famill an engem Massaker ëm t Liewe komm ass.
De Bengler mengt et vläicht gudd, en ass awer schlussendlech zimlech egoistesch, an hie kann net verhënneren datt dee klenge Bouf - hien nennt en Daniel - schrecklech no sengem Heemechtsland verlaangert a sech net kann an deem neie Land integréieren. Dobäi kënnt dann och nach, datt de Bengler den Daniel, deen a Wierklechkeet Molo heescht, als “Anschauungsobjekt” bei senge Virträg duerch Schwede mëssbraucht.
Wéi dem Daniel säin neie Pflegepapp och nach mam Gesetz a Konflikt geréit, kennt de klenge Bouf bei eng aarm Bauerekoppel, déi keng Kanner huet. An där streng protestantescher Gemeng soll dee “komesche Schwaarzen” zum Chrëschtentum bekéiert ginn. Den Daniel/Molo héiert Geschichte vun engem Jesus, deen iwwert d'Waasser konnt goen, a vun deem Ament un huet hien nëmme méi eng fix Iddi am Kapp: hie wëllt léieren iwwert Mier heem an Afrika ze goen!
Den Daniel wëll just nach eppes : sengem richtege Papp seng besonnesch Fielsenzeechnung - déi iwregensdem Roman den Titel gëtt - fäerdeg ze molen.
Des Geschicht ass spannend erzielt, och wann et kee Krimi ass : vum Kontrast tëscht Südafrika an Nordeuropa - vum Feier vun de südafrikanesche Wüste bis bei dat niwwelegt kaalt Wieder a Schweden - vun engem klenge schwaarze Jong, dee fu Wäermt a Gebuergenheet dreemt - vun engem frustréierte Schwed, dee sech an de Jong muss um Rand vum Existenzminimum duerchboxen. Am sproochlech gudd erzielte Roman ginn d'Personnagen, d'Landschaften an d'Stëmmungen präzis beschriwwen. Op eng raffinéiert Manéier bréngt de Mankell et fäerdeg datt de Lieser genee kann novollzéien, wéi verschidden déi 2 Welte fonctionnéieren, an zwar aus der Verännerung vum Bléckwénkel vun der Erzielperspektiv: am 1. Deel vum Mann (de Bengler) , am 2. am 3. Deel vum klenge Jong (den Daniel/Molo).
Dë Roman wäerft vill Froen iwwert Mënscherechter op:
Däerf een e klenge Jong aus sengem Heemechtsland entféieren? Däerf een en anere Mënsch an engem Land festhalen, wat vill méi kal a ganz anescht ass wéi säin Doheem? Däerf een e Mënsch “wéi en exotescht Déier” ausstellen, nëmme well en anescht ass an eng aner Hautfaarf huet?
De Mankell äntwert net däitlech op all dës Froen- de Lieser soll selwer Äntwerte fann.
“Die rote Antilope” ass e staarkt an en trauregt Buch.
Dem Lieser bleift schlussendlech just als Trouscht den Epilog an't Hoffnung, datt falsch verstane Menscheléift a klengkaréiert Denken an der Relatioun Europa zu Afrika op mannst deelweis haut des Daags iwwerwonne sinn............