NEI UM BICHERMART: "Klangfarben" vum Jhemp HOSCHEIT
No „Mondelia“ bréngt de Jhemp Hoscheit en neien aussergewéinleche Roman mam Titel „Klangfaarwen“ eraus.
Hei erzielt dee schonn e puermol präisgekréinten Auteur op eng emouvant Aart a Weis d’Geschicht vun enger schwiereger Kandheet, wou et vill Allengsinn, vill Ligen a vill Geheimnisser ginn. Glécklecherweis huet dee jonke Protagonist an Erzieler awer eng ganz besonnesch Fäegkeet, déi ëm hëlleft, sech trotz alle Schwieregkeeten ze behaapten …
De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an de 60er Joren. Hien ass ouni Papp opgewuess a wousst net, wou säi Papp déi ganzen Zäit war. Firwat hu seng Mamm, seng Schwëster a seng Schoulmeeschteren him gewësse Saache verheemlecht? Seng ganz Schoulzäit besteet nëmmen aus Rätselen. Ee Gléck huet hien als klenge Bouf e ganz gutt Gehéier an e speziellen Don. Well hien d’Geräischer am Haus, an der Natur oder an de Caféen, an déi seng Mamm hie matschleeft, an Honnerte vu Fixkëschten „ophëlt“, kann hien eenzel Kläng ënnerscheeden a sech verschidden Téin verhalen. Seng Klangwelt gëtt eng Parallelwelt, mat där hie versicht, déi batter Realitéit an d’Allengsi besser z’erdroen. Wéi hien de Claude, dem Ënnersuchungsriichter säi Jong, kenneléiert, fänkt eng spannend Zäit un. Et schéngt, wéi wann de Claude méi iwwert dem Michel säi Papp wéisst …
An dësem ganz intime Roman geet et ëm d’Wiesselspill tëscht Wourecht a Ligen, ëm de Wäert vun der Virstellungskraaft an der Stäerkt vun der Erënnerung. Ass dat, wat een an der Kandheet erlieft, entscheedend fir de Wee, deen ee spéider am Liewen aschléit?
Den Auteur
De Jhemp Hoscheit, ee vun den erfollegräichste Lëtzebuerger Schrëftsteller, gouf 1951 zu Esch gebuer. Hien ass bekannt fir seng vill Kannerbicher, satiresch Texter, Theaterstécker a Romaner an och fir seng Virliesungen an de Schoulen. Fir säin autobiographesche Roman „Perl oder Pica“ krut hien 1999 de Prix Servais. Dem Pol Cruchten seng Verfilmung vum Roman (2005) krut 2007 de Prix du public beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis. No dem Roman „Aacht Deeg an der Woch“, deen de Mee 68 zu Esch beschreift (Lëtzebuerger Buchpräis 2006) an dem Kriminalroman „Mondelia“ (Lëtzebuerger Buchpräis 2011), ass „Klangfaarwen“ dem Jhemp Hoscheit säi véierte Roman. „Klangfaarwen“ ass vun elo un zum Präis vun € 21,90 an alle Bicherbutteker oder direkt bei den Editions Guy Binsfeld, 14, Place du Parc, L-2313 Luxembourg, Telefon: +352/496868-1, Fax: +352/407609, editions@binsfeld.lu, www.editionsguybinsfeld.lu ze kréien.
____________________________
Jhemp Hoscheit
Klangfaarwen
roman
272 Säiten,
133 x 210 mm,
Gebonne mat Schutzëmschlag
ISBN 978-2-87954-252-2
€ 21,90
____________________________