BLOCKHEADS loosse Béises op d'Mënschheet lass
© Relapse Records
D'Grindcorer vu BLOCKHEADS suergen nees fir Knuppefreed bei Frënn vun der haarder a séierer Musek. THIS WORLD IS DEAD ass hiert neiste Wierk (8,5/10)
Déi franséisch Grindcore Spezialisten bestrofe Metal Fans lo schonn iwwer 20 Joer, a ware scho mat anere Metal Gréisste wéi Napalm Death, Entombed, Carcass oder Obituary uechter ganz Europa ënnerwee.
Mat This World Is Dead wëlle Blockheads hir auditiv Zerstéierung iwwert de Rescht vum Universum ausbreeden.
This World Is Dead, dat si 40 Minutte kompromësslose Grindcore, dee sou brutal ass, dass Blockheads ouni Schwieregkeete mat de groussen Nimm vum Genre kënne mathalen. Den Album ass richteg zerstéireresch, an dat op all Niveau.
Wann ech Blockheads hei beschreiwen erënneren ech mech un en Zitat vum Charlie Sheen: "I only have one gear: GO!" Genee dat trëfft nämlech och op déi franséisch Grindcorer zou. Ofgesi vum leschte Lidd, wou d'Band bësse méi lues gëtt (awer net manner heavy ass), ass all eenzelt Stéck (25 am ganzen) e Wahnsinn aus geluedene Riffs, Blastbeats an heiansdo bëssen Double-Bass.
Bis op dat lescht Lidd ass kee Lidd méi laang wéi 2 Minutte 15, eng Parti Stécker si souguer méi kuerz wéi 1 Minutt. An no all Lidd freet ee sech: Dafuq? Wat ass grad geschitt? Awer net laang, well no enger mini Paus geet et och scho mam nächste Lidd virun.. A wat een den Album méi laang lauschtert, wat en engem ëmmer méi d'Sprooch verschléit.
En absolute Muss fir all Grindcore Fan!
This World Is Dead kënnt den 18. Januar via Relapse Records eraus.
Tracklist:
01. Deindividualized
02. Already Slaves
03. Born Among Bastards
04. Final Arise
05. Bastards
06. Awaken
07. This World Is Dead
08. Hidden Terrors
09. All These Dreams
10. Media Warfare
11. Be a Thorn to Power
12. Human Oil
13. Poisoned Yields
14. To the Dogs
15. Buenos Aires S.C.
16. Crisis Is Killing the Weak
17. Famine
18. Sell Your Flesh
19. Look Dawn
20. Take Your Pills
21. Digging Graves
22. Pro-Lifers
23. Follow the Bombs
24. Doctrine of Assured Mutual Destruction
25. Trail of the Dead