Zanter annerhallwem Joer ass déi Dikrecher Fisselsbréck, déi de Quartier Sauerwiss mam Zentrum verbënnt, aus Sécherheetsgrënn gespaart.

Zu Dikrech geet muer déi provisoresch Bréck iwwert d'Sauer op
Zanter annerhallwem Joer ass déi Dikrecher Fisselsbréck, déi de Quartier Sauerwiss mam Zentrum verbënnt, aus Sécherheetsgrënn gespaart.

Dat huet esouwuel bei de Gemengeresponsabele, wéi och bei de Foussgänger a Cycliste fir Frust gesuergt. Et gouf zwar eng Pontons-Bréck en Place gesat, mee déi huet bei Héichwaasser ëmmer nees mussen zougemaach ginn. Um Méindeg ass et awer endlech sou wäit an ee méi stabille Provisorium geet fir de Public op.

Dat gëtt et wuel just zu Dikrech, dräi Brécken direkt niefteneen. Trotzdeem wäerte lo net Dausende Leit mateneen iwwert d'Sauer trëppelen an d'Bild ass och net fir laang. Wärend d'Fisselsbréck zou ass, wäert de klenge Ponton geschwënn ewechgeholl ginn. Bleift eng provisoresch Bréck, iwwert déi d'Leit vun e Méindeg u goe kënnen. Mat enger Längt vu 70 Meter ass et déi längste provisoresch Bréck, déi jee zu Lëtzebuerg opgeriicht gouf. Se huet eng Spannweit vu 40 Meter an ass 3,5 Meter breet.

Well net genuch Plaz war, fir d'Bréck ganz zesummenzebauen a mat engem Kran op hir Plaz ze hiewen, gouf se op enger Säit vun der Sauer Stéck fir Stéck zesummegesat an op hir Plaz gedréckt. Datt et annerhalleft Joer gedauert huet, fir d'Bréck en place ze setzen, huet awer virun allem dorunner geleeën, datt se an engem Héichwaassergebitt steet, esou de Fritz de Oliveira, Chef vun den Ouvrages d'Art bei Ponts et chaussées.

"An do hu mer relativ vill Etüde musse maachen, well och do ass et wichteg, datt mir keen negativen Impakt op d'Leit ronderëm hunn, wa mer een neien Obstakel an d'Sauer setzen. Dat ass ee vun de Grënn, een anere Grond ass deen, datt mer d'Elementer vun där Bréck aus Groussbritannien kréien, an jo, de Brexit huet net gehollef. D'Douane ass komplizéiert, wou mer fréier Bréckenelementer innerhalb vun engem bis zwee Méint kritt hunn, waren d'Elementer hei awer véier bis fënnef Méint ënnerwee."

D'Aarbechten hunn am Ganzen eng 700.000 Euro kascht.

Net wäit vun der Bréck ewech gouf ee sougenannten Stauvolumen ausgebaggert, dee bei Héichwaasser vollleeft. No Diskussiounen tëscht der Gemeng a Ponts et chaussées gouf och ee Récklaf virgesinn.

War déi lokal Politik laang onzefridde mat der Stroossebauverwaltung, weist ee sech mëttlerweil méi kulant. Trotzdeem huet ee fir d'Zukunft eng kloer Fuerderung, wéi den 1. Dikrecher Schäffe José Lopes ënnersträicht.

"Also ech hoffen, datt déi heite Bréck net sou schéin ass, datt se a 15 Joer nach hei steet. Mir hoffe selbstverständlech, datt den Assainissement vun der aler Fisselsbréck sou séier wéi méiglech ufänkt an och sou séier wéi méiglech op een Enn kënnt an datt deen heiten Ouvrage kann ofgeriicht ginn an op eng Plaz transportéiert ka ginn, wou en dee Moment méi gebraucht gëtt. Mir si ganz frou mat eiser Fisselsbréck an hoffen, datt se sou séier wéi méiglech rëm kann operationell ginn."

Dee Wonsch dierft awer wuel net an Erfëllung goen, wann een dem Fritz de Oliveira nolauschtert.

"Mir mussen natierlech, wa mer lo Aarbechte maachen, un neien Norme schaffen. Nei Normen heeschen och nei Krittären, heescht an dësem Fall och Héichwaasserkrittären, dowéinst wäerte mer se sanéieren an definitiv e bëssi eng aner Nues ginn an dofir brauch ee relativ Zäit, och fir ze studéieren."

D'Aarbechte wäerten net virun 2028 ufänken a sollen annerhalleft Joer daueren. Wéi vill Waasser bis Mëtt 2029 d'Sauer erofgelaf wäert sinn, ass net gewosst.