REVIEW: Broken Hope - Omen Of Disease (7/10)

Broken Hope hunn 11 Joer no hirer Opléisung en neien Album eraus bruecht.
11 Joer nodeems d'Band sech opgeléist huet, a bal 4 Joer nom Selbstmord vum Sänger Joe Ptacek, sinn d'Death Metaller vu Broken Hope mat engem neie Frontmann, dem Damian Leski, a mat engem neien Album zréck! Nei mat dobäi sinn och den Mike Micezek op den Drums an den Chuck Wepfer op der Lead Gittar. Offiziell hu si sech zejoert op der berühmter Carnival Of Death Tour mat Obituary zréck gemellt, a waren dëst Joer och um Extremefest an Däitschland (wou jo och eis Lokalmatadore Scarlet Anger gespillt hunn) A schonn do hu si bewisen, dass si méi wëll, wéi jee virdru gi sinn.
An dat beweise si mam 6. Album Omen Of Disease voll a ganz.
No engem düsteren Intro mat elektroneschen Elementer gëtt een um éischte richtege Lidd Womb Of Horrors vun Ufank un duerch déi béis Riffer, déi rau Harmonien a Melodien an dat richtegt séiert, punktgenaut Double Bass- a Blast Beat-räicht Getrommels matgerappt. A genee esou tollwüteg a fanatesch geet et iwwert de Rescht vum Album virun. Op de knappe 36 Minutte kritt een Death Metal vum Feinste gebueden, dee scho bëssen u Grindcore grenzt. Och Top sinn déi verréckt Soloen, déi de Gittarist Chuck Wepfer quasi an all Lidd iergendwou abaut.
Eenzege Bemol ass fir mech de Gesang. Sou gär wéi ech Gegrowls och hunn, ech si frou wann een och just annäherungsweis eppes vun den Texter versteet. "Pig Squeals" oder "Pig Grunts" kann ech beim beschte Wëllen net ausstoen. A genau dat ass bei Broken Hope awer de Fall. Op Omen Of Disease versteet ee kee Wuert, well den Damian Leski just Gegrommels vu sech gëtt .. oioioioi oyoyoyoyyoyooo etc.. Mä bon, doduerch gëtt d'Musek um Album awer net méi schlecht. A wee sech net u sou Gegrommels stéiert, ass mat Omen Of Disease absolut bedéngt!
Den Trevor Strnad vun The Black Dahlia Murder huet iwwregens ee Gaaschtoptrëtt um Lidd Rendered Into Lard. Och seng Vocals sinn net wierklech ze verstoen, et klengt awer op mannst esou, wéi wann hie géif Wierder sangen..
Tracklist:
01. Septic Premonitions
02. Womb Of Horrors
03. Ghastly
04. The Flesh Mechanic
05. Rendered Into Lard
06. Omen Of Disease
07. The Docking Dead
08. Give Me The Bottom Half
09. Predacious Poltergeist
10. Blood Gullet
11. Carnage Genesis
12. Choked Out And Castrated
13. Incinerated