De Roman, dee mam Prix Goncourt 2018 ausgezeechent gouf, spillt net wäit vun hei ewech a Loutrengen.

De 7. November gouf de franséischen Auteur Nicolas Mathieu mam renomméierste franséische Literaturpräis, dem Prix Goncourt 2018 ausgezeechent. Et ass den zweete Roman, deen de 40 Joer ale Schrëftsteller publizéiert huet. "Les enfants après eux" spillt do, wou den Nicolas Mathieu hierkënnt an dat ass net wäit ewech vun hei, a Loutrengen.

Juli 1992 - Déi kleng fiktiv Stad Heillange hei vir am Oste vu Frankräich huet scho besser Zäite kannt. D'Héichuewe vun der Stolindustrie dämpen net méi, vill Leit sinn am Chômage a probéiere sech an der soss economesch net interessanter Géigend derduerch ze schloen, mat klengen Aarbechten. Oder wann et besser geet, mat engem Job zu Lëtzebuerg, do wou d'Paie besser sinn an der vill hin an hierpendelen. D'Stëmmung ass gedréckt a vill vun de fréieren Aarbechter, Fransousen awer och Gaaschtaarbechter aus Nordafrika oder Südeuropa, verbréngen hir Zäit an de Bistroten oder bei de wéinege Fester.

Dat ass dann och d'Zukunftsvisioun, déi sech fir d'Jugend aus der Stad opdeet. De 14 Joer alen Anthony a säi Cousin probéieren de waarme Summer, sou gutt et geet, ze genéissen. Beim Séi, do wou sech sou eppes wéi nach relaxt Liewen ofspillt an do wou den Anthony fir d'éischte Kéier d'Steph begéint a sech verléift. Oder op Partyen. Bei enger dovun kritt den Anthony vum jonke Marokkaner Hacine de Moto geklaut, deen hie sech heemlech bei sengem Papp ausgeléint hat.

Fir d'Roserei vum Papp ze evitéieren, ginn den Anthony a seng Mamm beim Hacine säi Papp a froen nom Motto.

Fir den ale Mann ass dat en Affront an hien zitt owes säi Bouf lass a setzt alles drun, datt deen zeréck an de Maroc geet.

Zwee Joer méi spéit kënnt den Hacine erëm, huet an der Tëschenzäit e klenge Cannabis-Handel opgebaut a probéiert deen och elo a senger aler Heemecht weiderzeféieren.

Den Anthony probéiert sou gutt et geet seng Schoul fäerdeg ze maachen, och wann déi net ëmmer einfach Pubertéitszäit hien hin- an hierdreift. Sou begéint hien nees dem Steph awer och dem Hacine.

Den Nicolas Mathieu beschreift a sengem Roman "Leurs enfants après eux" d'Liewen an d'Erliewen vu senge jonken Haaptprotagonisen a vun deenen hiren desillusiounéierten Elteren iwwer 4 Summeren bis 1998, wou Frankräich sech fir d'Final vun der Fussballweltmeeschterschaft am eegene Land qualifizéiert an d'Stëmmung vum "bleu blanc beur"- mir sinn all Frankräich - sou eppes wéi Optimismus verbreet.

Den Auteur, dee vun Epinal gebierteg ass an zu Metz studéiert huet, kennt sech selwer gutt an deem Univers aus, an deem säi Roman spillt. Et ass e Stéck Frankräich, dat no bei eis ass, an dat mir als Lëtzebuerg mat beaflossen, haut nach awer och schonn deemools an den 1990er Joren. D'Geschicht liest sech gutt, och wann ee sech um Ufank muss mat der jugendlecher Ëmgangssprooch ufrënnen. Mä sou wéi ee mat de Protagonisten erwuesse gëtt, gëtt een et och mat der Sprooch vum Nicolas Mathieu.

Den Prix Goncourt ass iwwregens just mat 10€ dotéiert, mä d'Renommée vum Präis dreift natierlech d'Verkaafszuelen an d'Luucht, et gëtt mat 400 000 verkaaftenen Exemplairë gerechent. "Leurs enfants après eux" vum Nicolas Mathieu ass bei "Actes Sud" erauskomm.

AUDIO: Buch "Leurs enfants après eux" vum Nicolas Mathieu