NEI UM BICHERMAART: «Häwwi! Lëtzebuerger Leckzikon»

Dat klengt onverschimmt Handbuch vun der Lëtzebuerger Sprooch - vum Guy Rewenig
Fir de Guy Rewenig ass d’Sprooch näischt Feierleches, iwwert dat een nëmme mat déiwem Respekt a patrioteschem Iescht schreiwen däerf: hien hëlt d’Lëtzebuergesch monter op d’Schëpp, erfënnt reieweis nei Wierder, Ausdréck a Begrëffer a weist, datt et eng Hällewull Méiglechkeete gëtt, mat der Sprooch ze spillen an ouni Komplexer driwwer ze laachen.
No «Krass! Lëtzebuerger Dixionär», dat viru genee engem Joer am Literaturverlag ultimomondo erauskoum a fënnef Woche méi spéit vergraff war, fënnt een elo dem Guy Rewenig säin neit Bichelchen «Häwwi! Lëtzebuerger Leckzikon» an de Bicherbutteker, an enger limitéierter Oplo vun 1 000 Stéck. An dësem 2. Volet vum Schrëftsteller senge «lexikalesche Satiren» geet et virun allem ëm Nei-Lëtzebuergesch, dat um Deckel vum Buch esou beschriwwe gëtt:
«Mir Lëtzebuerger heeschen haut Lackzëmbööger a schwätzen Nei-Lëtzebuergesch, eng häwwi Sprooch voller Anglizismen – Wierder a Begrëffer aus dem Engleschen -, déi ouni Problem op alle Kontinenter vum Planéit verstane gëtt. Dëse klenge Lëtzebuerger Leckzikon ass en ideale Begleeder op der Rees duerch d’Lëtzebuerger Sproochlandschaft. Wien dëst Handbuch an der Täsch huet, kann zu jidder Zäit an iwwerall als ixzällänten Ämbässëder vun eiser Heemecht optrieden.»
Guy Rewenig
Häwwi! Lëtzebuerger Leckzikon
Dat klengt onverschimmt Handbuch vun der Lëtzebuerger Sprooch
Hardcover, Format DIN-A7
128 Säiten, 16 Euro
ISBN: 978-2-919933-87-7
An de Bicherbutteker oder duerch Bestellung op info@umo.lu oder www.umo.lu
