"Die Mühle" vum Elisabeth Herrmann

© Cbt
Stellt Iech vir Dir géingt kuerzfristeg eng Invitatioun kréien fir e Weekend mat Leit ze verbréngen, déi Dir zu Schoulzäiten immens bewonnert hätt. Ären Openthalt géing dann awer ganz anescht verlafen, wéi geduecht. Also wierklech ganz anescht! Genee dorëmmer geet an dem Thriller "Die Mühle" vun der Elisabeth Herrmann. Si huet 2012 ënnert anerem den Däitsche Krimipreis kritt.
Mir léieren am Ufank d’Lana kennen, d’Protagonisten déi eis duerch dëse Thriller feiert. Bis zu deem Weekend huet hat versicht sou normal wéi déi aner Leit ze sinn. Duerno huet sech alles verännert.
D’Lana huet an enger Stad seng Première gemaach, déi ëmmer just mat der Bezeechnung L. optaucht. An deem Lycée gouf et eng Clique, déi „the Court“ genannt ginn ass. D’Memberen vun „the Court“ sinn zwee Joer méi al wéi d’Lana. Hat huet richteg fir si geschwäermt: fir de Stephan, den Tom, d’Cattie, d’Franziska, d’Siri, den Joshua a besonnesch fir den Johnny.
A genee deen begéint hat op der Uni zu Berlin erëm a wéinst engem Accident konnt den Johnny net op e Weekend mat dëser Clique goen, op deen hien invitéiert ginn ass. Am Plaz vun him, huet hien d’Lana dohinner geschéckt, obwuel si zwee sech praktesch net kannt hunn.
Déi aner Memberen vun der Clique sinn iwwerhaapt net begeeschtert, wéi e bemol d’Lana zu Karlsbad am Hotel optaucht. Den anere Moien gi si vun dem geheimnisvollen Organisateur vun dësem Treffen op en Ausfluch geschéckt. Do lande se an enger aler Millen, wou genuch ze iessen an ze drénken ass fir weit méi wéi 2 Deeg. Den Hoken bei der Saach ass, datt si ofgeschnidde si vun der Baussewelt. Des Millen ass an der Wildnes an den eenzege Wee doraus ass net méi accessibel. Do gëtt et och kee Reseau fir mam Handy ze telefonéieren. Also konnten se och keng Hëllef ruffen, fir erëm heem ze kommen.
An der Millen fanne si e Bréif deen se wëllkomm heescht. Eng vun den Haaptfroen, déi eréischt bal um Enn vum Buch beäntwert gëtt, ass déi wien iwwerhaapt dëse Weekend organiséiert huet. Wien huet dann och nach Spiller fir si organiséiert a leet hinnen ëmmer erëm Bréiwer dohinner, ouni datt si et mierken. Et muss eng Persoun sinn, déi Accès bei d’Millen huet oder awer vläicht ënnert hinnen ass.
Wéi eescht hir Situatioun ass, begräifen se lues a lues, nodeems deen éischten vun der Clique verschwonnen ass. Panik brécht bei Verschiddenen aus. D’Skepsis géint iwwer dem Lana ass bei deene meeschte vun der Clique grouss. Déi mengen d’Lana oder den Johnny géingen dohannert stiechen. Nach eppes Schreckleches ass geschitt, d’Lana huet den Joshua dout opfonnt. Déi aner gleewen dem Lana dat awer net sou richteg, si mengen den Joshua hätt sech e Witz erlaabt an hien just doud gestallt.
„Ich meine, dass ich Joshua gesehen habe. Und er war tot. Ich meine, dass ich ein Handy hier an dieser Stelle am See gefunden habe, das heute Nachmittag, noch nicht da war, und Joshua ist verschwunden. Ich meine, wir sollten uns langsam Gedanken darüber machen, was das zu bedeuten hat!“ Ich merkte selbst wie durcheinander das klang.
D’Lana versicht bei all deem e klore Kapp ze behalen, an huet och ëmmer erëm gutt Iwwerleeungen. Hat kennt oft méi Erwuessen eriwwer wéi déi aner. Obwuel hat fréier fir "The Court" geschwäermt huet, mierkt een wéi sech dem Lana seng Meenung iwwer si lues a lues ännert.
E Geheimnis aus der Vergaangenheet vun „The Court“ huet déi ganz Stëmmung nach méi gedréckt. Am Lycée muss iergendeppes Schreckleches geschitt sinn an et kristalliséiert sech ëmmer méi eraus, datt dat mat deem wat elo vir sech geet, zesummenhänkt.
Déi spannend a grujeleg Atmosphäre hunn ech als Lieser konnte spieren. D’Protagonisten erzielt dat Erlieften an der Ich-Form an zesummen mat de vereenzelten Undeitungen konnt ech et net erwaarde fir ze wëssen wéi et aus geet. Kënnen d’Memberen aus der Clique an d’Lana sech retten? Wien iwwerlieft?
Bis lo sinn der Elisabeth Herrmann hir Bicher bal all verfilmt ginn. Menger Meenung no ass „die Mühle“ och derwäert als Film eraus ze kommen. Ech kann dëst Buch also all Thriller-Begeeschterten nëmme recommandéieren.
De Thriller „Die Mühle“ vun der Elisabeth Hermann ass am Cbt Verlag eraus komm.