An eiser Lecture vun heiheem entféiere mer Iech, paradoxerweis, haut op déi aner Säit vum Atlantik. Déi 9 Kuerzgeschichten am Tom Reisen sengem Erzielband "Les bulles" spillen nämlech bal alleguer zu New York. Firwat ausgerechent de Big Apple, dat huet den Auteur dem Bea Kneip verroden.

Les bulles

"Déi Stad déi nimools schléift" huet ëmmer eppes z'erzielen. New York huet den Tom Reisen schonn als Kand faszinéiert.

D'Personnagen a senge Geschichten sinn esou divers wéi d'Groussstad selwer. De gescheete Papp dee virun enger schwéierer Decisioun steet, de Mann deen duerch eng Foto am Internet säi blot Wonner erlieft, oder déi eeler Dame déi sech op d'Approche vun engem Jorhonnert-Hurricane virbereet an nach keng Ahnung huet, dass den eigentleche Stuerm a Form vun engem Telefonsuruff iwwert si erabrieche wäert. "Les bulles", den Titel huet den Tom Reisen net zoufälleg gewielt.
Eng bulle, eng Seefeblos isoléiert och, erlaabt et de Mënschen sech vun aneren ofzegrenzen, alleng ze sinn, matzendran an enger Milliounestad. Dëse Paradox trëfft natierlech net nëmmen op New York zou, an awer hätten dës Geschichten soss néierens kéinte spillen, an dat net just wéinst de Referenzen op 9/11 oder den Trump Tower. D'Stad, déi mer aus enger Onmass vu Bicher, Filmer oder Telesemissioune kenne, gëtt hei selwer zu engem Personnage.  Den Tom Reisen kennt New York ganz gutt. Nodeems hien als Literaturwëssenschaftler a Journalist geschafft hat, huet en sech 2008 fir eng drëtt Carrière entscheed, déi vum Diplomat. Tëscht 2012 an 2016 huet hien zu New York gelieft a geschafft.
Déi 9 Geschichten spillen sech an éischter Linn um Niveau vum Individuum of, dem Mënsch mat senge Gedanken a Gefiller, sengen Ängscht a sengen Hoffnungen. Mä sou wéi déi Bullen net méi wéi Seefeblose sinn, déi bei der klengster Beréierung zerplatzen,kënnen d'Personnagen sech der Realitéit net entzéien, an déi ass dacks brutal. Krich, Terrorismus, Krankheet oder och nëmmen eng verpasste Chance, d'Welt dobaussen dréckt de Menschen hire Stempel op a mécht se eréischt zu deem wat si sinn. Dobäi hält d'Liewen mat Momenter eng gewëss Ironie fir si parat, eng "Ironie des Schicksals" déi se grad mat deene Situatioune konfrontéiert deenen se eigentlech aus dem Wee goe wollten.  "Les bulles" ass an enger klorer a präziser Sprooch geschriwwen, vill Inhalt, verpaakt a wéineg Text.
Kleng Kiischt um Kuch sinn och 2 Zitater:  aus dem Paul Auster senger "New York Trilogy" an dem Federico Garcia Lorca sengem "Poet zu New York" déi de Lieser scho gläich zu Ufank an dëse ganz speziellen "New York State of Mind" eraversetzen.

"Les bulles" vum Tom Reisen ass bei Hydre édition erauskomm. Apropos: nei bei Hydre ass och elo déi nei Ausgab vun de Cahiers Luxembourgeois, déi éischt fir 2019.

© Raya Meerzoumen