Eng Bestandsopnam

Pressetext vum Shari Schenten:

Et vergeet eigentlech kaum een Dag, op deem een net an de Medien op schrecklech Gewaltdote géint Fraen, op Fraenhaass oder op Diskriminatioun opmierksam gëtt.

Beispiller sinn dem Poopst seng Remarke wärend senger Visitt zu Lëtzebuerg an an der Belsch, de Fall Pélicot, d'Vergewaltegunge vu Fraen a Krisegebidder, de Skandal ëm de P. Diddy, d'Ofschafe vum Ofdreiwungsrecht a verschiddene Länner, oder sëllech Femiziden, etc. Diskutéiert ee mat Leit iwwert dës Theemen oder erzielt ee vun eegenen Experienzen, gëtt et oft domat ofgedoen, datt et eis Fraen zu Lëtzebuerg dach tipptopp goe géif an een net mam Thema nerve sollt. Jo, d'Situatioun am Grand-Duché ass am Verglach zu villen anere Länner gutt, mä dat heescht net, datt se optimal ass. Oft drécken esou Aussoen och éischter de Refus aus, fir sech op eng oppen an éierlech Manéier domat ausernanerzesetzen. Och hei zu Lëtzebuerg erliewe vill Fraen Diskriminéierung a Gewalt, och hei dominéiere patriarchal Denk- a Muechtstrukturen. Am Oktober 2024 sinn zum Beispill Zuelen am Bezuch op Lëtzebuerg publizéiert ginn: Eng vu fënnef Fraen ass schonn Affer vu physescher, sexueller oder psychologescher Gewalt ginn, an d'Tendenz geet an d'Luucht.

Am Buch "(K)Eng Fraewelt" gräift d'Shari Schenten verschidden Themen op, erzielt vun hire perséinlechen Erliefnisser a verbënnt se mat Etüden a Recherchen, fir en Iwwerbléck iwwer d'Situatioun ze ginn. Am Kontext vu verschiddene Kapitele ginn och kuerz Exkurser gemaach, an deene beispillsweis d'Hierkonft an d'Entwécklung vum Bild vun der Cat Lady, der hysteerescher Fra oder de Schéinheetsidealer am Laf vun der Zäit beschriwwe ginn. Fir den Inhalt vum Buch ze visualiséieren, fënnt een och Biller, déi vun enger KI generéiert goufen.

Dobäi fënnt een am Buch keng nei philosophesch oder soziologesch Usätz, mä et ass villméi als eng Bestandsopnam ze verstoen. Et ass de Versuch fir e méi perséinlecht Bild ze ginn, fir vun enger Fraewelt ze erzielen an ze weisen, datt dës Welt nach oft keng fir Fraen ass. Et ass awer och de Versuch fir méi Versteesdemech ze bréngen.

Begleet gëtt d'Buch vun engem Podcast mam selwechten Numm op Spotify an op Apple Podcasts. D'Buch gëtt hei net virgelies, mä verschidden Aspekter ginn opgegraff a verdéift, mä et fënnt een och Episode mat Theemen, déi am Buch net behandelt ginn.

(K)eng Fraewelt
Shari Schenten
ISBN 978-2-87996-134-7
18€