Groussen Deel wier vu KI geschriwwen"C'était ça ou mourir" aus Selektioun fir de Prix Goncourt geholl

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Rei Wëssenschaftler a Journaliste koumen zur Conclusioun, dass d'Buch zu groussen Deeler vu KI geschriwwe wier.
Den haitianesch-kanadeschen Auteur Thelyson Orelien
Den haitianesch-kanadeschen Auteur Thelyson Orelien
© JOEL SAGET/AFP

D'Buch "C'était ça ou mourir" vum Auteur Thélyson Orélien ass aus der Selektioun fir de renomméierte franséische Literaturpräis Prix Goncourt geholl ginn. Dat wéinst dem Verdacht, datt et zu groussen Deeler vun enger Kënschtlecher Intelligenz geschriwwe ginn ass. Zu där Conclusioun sinn eng Rei Wëssenschaftler a Journaliste komm.

D'Académie Goncourt wéilt Literatur, déi vu Fraen a Männer an net vun enger KI geschriwwe gouf, wierdegen a fërderen.

"C'était ça ou mourir" war am Fréijoer a Kanada erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO