Vun Entreprisen, déi sech op d'Raume vu Wunnenge spezialiséiert hunn, iwwer sozial Organisatioune bis bei Secondhand-Butteker: Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir Miwwelen an anere Géigestänn, déi een net méi brauch, en zweet Liewen ze ginn.
Et gi vill Grënn, firwat een iergendwann am Liewe virun der Fro steet, wat ee mat engem Deel vu sengem Besëtz maache soll. Dat kann zum Beispill no enger Scheedung, enger Ierfschaft oder bei enger Plënneraktioun de Fall sinn.
Esou ass et och bei der Proprietärin vun engem Haus zu Ettelbréck. Si plënnert an eng Altersresidenz an hir Kanner hunn dowéinst d'Entreprise LuxDébarras kontaktéiert, déi vum Nathalie Ghys gegrënnt gouf, fir hinnen dobäi ze hëllefen, d'Haus eidel ze maachen.
Zesumme mat hirer Ekipp geet d'Nathalie Ghys duerch déi verschidden Zëmmeren. Dobäi gëtt sortéiert, wat ewechgehäit muss ginn. Virun allem gëtt awer gekuckt, wéi eng Miwwelen an aner Géigestänn nach kënne gerett a weider benotzt ginn.
Bicher, Spillsaachen, Blummendëppen, Geschier, Still a Billerrumme gehéieren ënner anerem zu de Saachen, déi si mathuelen.
Alles, wat nach ka weider benotzt ginn, kënnt duerno an de Secondhand-Buttek vun der Famill zu Gouschteng, dee vun der Nathalie hirer Duechter Aurélie gefouert gëtt.
Schonn eng hallef Stonn ier de Buttek opgeet, stinn eng Rei Clienten dobaussen a waarden.
Déi eng sichen no Saache fir de Stot oder no alldeegleche Géigestänn zu engem abordabele Präis. Anerer hoffen op méi aussergewéinlech Stécker oder Antiquitéiten. A vill Leit si ganz einfach virwëtzeg a wëlle kucken, wat se entdecke kënnen. Schliisslech kommen all Dag nei Saachen an de Buttek.

Privat Entreprisë wéi déi vun der Famill Ghys sinn awer net déi eenzeg Méiglechkeet, wann eng Wunneng eidel gemaach muss ginn. Et ginn och eng Rei sozial Organisatiounen, déi Miwwelen, Spillsaachen, Saache fir de Stot a Kleeder sammelen, fir se entweder ze verschenken oder zu abordabele Präisser weiderzeverkafen.
Eng dovun ass d'Nei Aarbecht. D'Organisatioun bitt Aarbechtsméiglechkeete fir Leit, déi Schwieregkeeten hunn, um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen oder no enger Paus nees zeréck an d'Beruffsliewen ze kommen.
Donieft schafft d'Nei Aarbecht mat de Sozialbüroen zesummen, fir d'Wunnenge vu Leit anzeraumen, déi a finanzielle Schwieregkeete sinn.
Am Secondhand-Buttek zu Hielem verkeeft d'Nei Aarbecht Saachen, déi vu Privatleit gespent goufen. D'Leit kënnen hir Saachen entweder direkt am Buttek ofginn oder mat der Organisatioun ofmaachen, datt se bei hinnen doheem ofgeholl ginn.
Eng Konditioun gëtt et awer: D'Géigestänn mussen an engem gudden Zoustand sinn an och nach d'Potential hunn, Clienten ze interesséieren.