
D'Firma Tanklux verdeedegt hire Projet, obwuel de Verbrauch vu Pëtrolsproduiten hei am Land déi lescht Joren erofgaangen ass.
"Wann een an enger Logik bleift, datt mer aus de fossillen Energien erausklammen, wäerte mer an Zukunft och manner Bensinn an Diesel verbrauchen. Dat heescht, mir brauchen och manner Reserven", esou de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles am RTL-Interview.
An der europäescher Unioun muss e Land Reserven hunn, déi 90 Deeg duerchschnëttlechem an deeglechem Import entspriechen oder 61 Deeg nationale Konsum (wat just fir Länner relevant ass, déi selwer produzéieren). Lëtzebuerg erfëllt déi Virschrëft mat engem klenge Sputt an zwar 93 Deeg.
D'EU-Direktiv schreift net vir, datt de Stock muss um eegenen nationalen Territoire sinn an esou huet Lëtzebuerg no Malta am mannste bei sech selwer, mee ëmmerhin 10 Deeg. Dat an den aktuellen Tanken zu Mäertert, Bartreng, Dippech a Leideleng - kann een alles op Google Maps kucken. (Um Findel sinn och Tanklager, déi iwwregens och sollen ausgebaut ginn, mee déi si fir Kerosin.)
45 Deeg Reserven huet Lëtzebuerg dann an engem Rayon vun 185 Kilometer. Mat Reserven iwwert dee Rayon eraus kënnt een op 93 Deeg.
Et ass natierlech esou, datt 10 oder 93 Deeg Reserven a Meterkibb ausgedréckt änneren, wann de Konsum ännert. Dowéinst den zweeten Deel vun der Äntwert: den Diesel-Verbrauch huet sech tëscht 2014 an 2024 bal hallwéiert - vu bal 2 Milliarden op 1,2 Milliard Meterkibb, esou d'Zuele vum Statec. D'Hausse vum Bensinnsverbrauch vu ronn 400 Milliounen op 545 Milliounen ännert net vill un der genereller Baisse vum Spritverbrauch.
Engersäits, well an der Belsch Camione fir den Diesel e Remboursement kënnen ufroen an doduercher Tanken an der Belsch méi gënschteg gëtt ewéi hei am Land. An den Tableaue vum Statec gesäit een eng ganz däitlech Baisse bei de Ventë vun Diesel op den Autobunnen, manner däitlech op den aneren Tankstellen.
Anerersäits geet d'Baisse vum Pëtrolsverbrauch och op den Ausbau vun der Elektromobilitéit zeréck. An den éischten 9 Méint vum Joer ware bal en Drëttel vun den neien Immatrikulatioune fir 100% Elektrogefierer, liest een an der Äntwert vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng. De Lëtzebuerger Staat fërdert d'Transitioun och, en huet sech och eng CO2-Neutralitéit bis 2050 virgeholl. De Secteur Transport mécht ronn 57% vun all den Zäregasen aus an dem Bilan vum Ëmweltministère no, gouf et d'lescht Joer eng Baisse vu ronn 6% par Rapport zum Joer virdrun.
D'Energietransitioun oder d'Reduktioun vun den Emissioune vun Zäregasen hunn als Zil, d'Hausse vun de globalen Temperaturen ze bremsen an extrem Klimaphenomener, déi duerch d'Äerderwiermung entstinn, ze limitéieren. Zanter dem Ugrëffskrich vu Russland op d'Ukrain viru méi ewéi 4 Joer an der neier feindlecher US-Handelspolitik gëtt och nach en zweet Zil erfëllt: Europa méi onofhängeg maachen. Aus Lëtzebuerger Siicht huet déi Politik nach de Virdeel, datt een da manner Tanklager braucht.
D'Handelsrecht steet an der Verfassung. Wann e Betrib d'Reegelen respektéiert, däerf e sech néierloossen oder ausbauen. An der Fachsprooch geet hei Rieds vu Commodo-Incommodo. Tanklux huet no laange Prozeduren alles erfëllt, wat z'erfëllen ass.
De Minister Lex Delles seet: "Hei ass et e Choix vun enger Entreprise, déi seet, se wëll Tanklager ausbauen. Do huet se sécher e Marché hannendrun, dee se wëll maachen. Mir sinn och an enger fräier Wirtschaft, déi Entreprise däerf dat och ganz gäre maachen. Mee et ass net esou, datt den Energieministère déi Entreprise freet, fir déi Tanklager auszebauen".
D’Firma selwer huet Ufanks vum Mount op hirem Internetsite hir Demarche erkläert. Tanklux schreift notamment: "De Projet verfollegt d'Zil, d'Versuergungssécherheet, gesetzlech Ufuerderungen an d'Weiderwentwécklung zu neien Energieprodukter mateneen ze verbannen." Déi geplangten Erweiderung géing "de Bäitrag vum Land zu den europäesche Flichtreserve (...) stäerken an esou d'regional Solidaritéit a Widderstandsfäegkeet fërderen".
Vue, datt de Verbrauch erofgeet, kann ee sech froen, ob de Projet no 20 Joer tatsächlech nach ëmmer wirtschaftlech interessant ass. Nach maache Pëtrolsproduiten awer 60% vum gesamten Energieverbrauch aus an nach ass et wéi gesot esou, datt Lëtzebuerg "just" 10 Deeg Reserven op sengem Territoire huet. Et kann ee sech also och effektiv am Sënn vu Solidaritéit froen, ob et net richteg ass, méi bei sech an d'Tanklager net haaptsächlech an anere Länner ze hunn. Well do sinn d'lokal Populatioune jo bestëmmt och net Demandeur.
Viru 16 Joer hu mer den deemolege Wirtschaftsminister Jeannot Krecké op enger Pressekonferenz gefrot, firwat Tanklager missten ausgebaut ginn, wann deemools schonn d'Energietransitioun ugestrieft gouf. De Jeannot Krecké huet geäntwert, hien hätt keng Kristallkugel. Hie sot awer och, et kéint een net einfach Sprit verkafen, d'Taxen akasséieren an dann den Nopeschlänner de Stockage iwwerloossen.
De Lex Delles seet 16 Joer méi spéit, d'Regierung klëmmt Schrëtt fir Schrëtt aus dem Tanktourismus eraus. Notamment mat der CO2-Tax (Joresgehälter ënner 80.000 Euro kréien als sozial Kompenséierung e Steierkredit, n.d.l.r). Den Austrëtt aus dem Tanktourismus geet net vun haut op muer, mee hätt vläicht kënne méi séier goen.
Passend zum Thema hu mir e Mëttwoch zwee Invitéeë vun der Redaktioun: de Buergermeeschter vu Mäertert de Jérôme Laurent an d'Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher d'Monique Hermes.