Wéinst RettungsasazDen Ament keng Zich tëscht Nidderkäerjeng-Suessem a Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL mellen, zirkuléieren op der Linn tëscht Péiteng an Nidderkäerjeng-Suessem den Ament keng Zich, dat wéinst engem Asaz vun de Rettungsdéngschter.
© CFL

Och d'Police confirméiert eis en Asaz op der Gare, weider Detailer feelen den Ament awer. Op de Linnen tëschent der Stad an Nidderkäerjeng-Suessem, Lonkech a Rodange an tëscht Athus a Péiteng zirkuléieren zwar Zich, mee et misst een awer mat Retarden an Annulatioune rechnen.

Wéini den Zuchtrafic nees normal kann opgeholl ginn. wier den Ament nach net gewosst. Detailer zu de Perturbatioune fannt Dir um Site vun den CFL.

Dësen Artikel wäert am Laf vum Dag weider aktualiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO