No méi Turbulente Schlagzeile wéinst dem Sozialplang, wou virun engem Joer iwwer 300 Aarbechtsplazen ofgebaut goufen, huet e Méindeg de Moien d'Vizepresidentin vun Amazon Europa Mariangela Marseglia ënnerstrach, den neien IT-Logistikzenter wier eng Bestätegung vum Engagement vun Amazon hei am Land.
"Lëtzebuerg war fir eis en exzellente Choix. De Standuert huet eis vill bruecht. Mir hunn Zougang zu Talenter kritt an d'Vertraue vun de Leit gewonnen. Mir hunn eng ganz enk Partnerschaft mat der Regierung. Als Géigeleeschtung probéiere mir dem Land eppes zeréckzeginn: Mir verstäerken eist Engagement, investéiere weider. Vun hei aus verschécke mir elo IT-Hardware un all eis Amazon-Mataarbechter um ganze Kontinent. – Dorop si mir ganz houfreg."
Op 3.500 Meter-Carré gi Laptoppe virbereet, konfiguréiert an dann un déi ronn 250.000 Amazon-Mataarbechter a ganz Europa verschéckt. A Partnerschaft mat der Lëtzebuerger Logistik an Transportfirma Arthur Welter.
"Et weist, dass international Entreprisen hei zu Lëtzebuerg investéieren, hir europäesch Headquarteren hei hunn an och nach weider ausbauen. Dat ass natierlech och e ganz positive Message un aner Entreprisen, déi iwwerleeën, wouhinner ginn ech dann an Europa, wéi eng Aktivitéit wëll ech maachen? Hei gesäit ee mat enger ganz grousser Entreprise, wat déi Aktivitéite sinn a wou nach eng Kéier gefestegt gëtt." Sou d’Reaktioun vum Wirtschaftsminister Lex Delles.
D'US Ambassadrice Stacey Feinberg huet e Méindeg de Moien drun erënnert, datt et 23 Joer hier sinn, datt Amazon ugefaangen huet, sech hei zu Lëtzebuerg néierzeloossen. Haut schaffen do eng 4.250 Leit. Domat ass den Internet-Ris ee vun de gréissten Employeuren am Land.
"Mat dëser Investitioun ënnerstëtzt Amazon seng IT-Aktivitéiten an 23 europäesche Länner. E bessere Standuert kéint ee sech net wënschen. Mee de Standuert ass nëmmen een Deel vun der Geschicht. Lëtzebuerg bitt och d'Leit, d'Infrastruktur an dat geschäftlecht Ëmfeld, déi amerikanesch Entreprisë brauchen, fir erfollegräich ze sinn." sou d’Ambassadrice.
D'Vizepresidentin vun Amazon Europa Mariangela Marseglia huet ënnerstrach, datt den US-Gigant am Online-Handel zanter 2010 iwwer 13 Milliarden Euro hei zu Lëtzebuerg investéiert hätt. Bei dësem Projet wieren 13 vun 18 Entreprisë Lëtzebuerger gewiescht. D'Energie kéim vun erneierbare Sourcen.