
No der Walnéierlag vun den US-Republikaner ass de Verdeedegungsminister Pete Hegseth mat enger méiglecher Destitutiounsprozedur konfrontéiert. Den Trump-kritesche republikanesche Kongressdeputéierten Thomas Massie huet Prozedur e Méindeg zu Washington mat der Presentatioun vun Uklopunkte géint den Hegseht op de Wee bruecht. Schonn e Mëttwoch kéint d'Kongresskammer doriwwer ofstëmmen.
De Massie reprochéiert dem Hegseth Amtsverstéiss an aacht Beräicher. Ënnert anerem hätt hien ouni den Accord vum Kongress de Krich géint den Iran virugedriwwen a säi Pouvoir als Verdeedegungsminister iwwerschratt. Fir eng Amtsentheebung gëtt et allerdéngs grouss Hürden: Stëmmt d'Representantenhaus zou, fänkt e sougenannten Impeachment-Prozess am Senat un. An där Kongresskammer wier dann eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, fir den Hegseth aus dem Amt z'enthiewen.
Wärend dem Massie d'Ënnerstëtzung vun den Demokrate sécher ass, sinn d'Republikaner gespléckt. De republikaneschen Deputéierten Don Bacon sot CNN, hie wier hin an hiergerappt, wat d'Resoulatioun vum Massie géing ugoen. Hie géing mam Gedanke spillen, se z'ënnerstëtzen. Zwar géing hien d'Grënn net deelen, hien hätt awer aner Bedenken am Bezuch op den Hegseth - wéi, datt dësen Dosende Genereel vun der US-Arméi entlooss oder ausgegrenzt hätt. Op d'Fro, ob et besser wier, wann den Hegseth amplaz einfach zrécktriede géing, sot de Bacon: "Jo. Ech mengen, hie war vun Ufank un net de richtege Choix." De Massie ass staarke Kritiker vum Iran-Krich.
Den Hegseth huet fir en Dënschdeg de Moie Lokalzäit eng Pressekonferenz ugekënnegt - déi éischt zanter méi wéi 180 Deeg. "Wann Dir eis Virgoensweis bei den Operatiounen 'Epic Fury' oder 'Rough Rider' oder bei der Festnam vum Nicolás Maduro kritiséiere wëllt, da kritiséiert Dir domat d'Truppen an dat, wat si erreecht hunn - an dat ass historesch", sot den Hegseth e Méindeg viru Reporter. No der Néierlag bei de Midterms steet d'Regierung vum Trump wéinst hirem Virgoen am Iran-Krich ënner Drock.
De republikaneschen Deputéierte French Hill wollt de Weekend net ausschléissen, enger Amtsentheebung zouzestëmmen. "Ech wëll d'Debatt doriwwer suivéieren, fir ze gesinn, ob et eng Amtsentheebungsprozedur rechtfäerdegt", sot hien dem Sender CBS. Souguer falls d'Representantenhaus mat de Stëmme vun den Demokraten an e puer Republikaner enger Destitutioun vum Hegseth zoustëmme sollt, dierft hien net vu sengem Posten enthuewe ginn - well am Senat wier dofir eng Zweedrëttelmajoritéit néideg. Op d'Fro, ob hie genuch Republikaner hannert sech hätt, fir d'Prozedur ofzewenden, sot den Hegseth: "Doriwwer maache mir eis keng Suergen."