Franséischen Ausseminister Barrot melltIran soll fir Cyberattacken op Frigoe responsabel sinn

AFP, iwwersat vun RTL
D'Cyberattacken op Frigoen a Frankräich waren dem Ausseminister Barrot no déi éischt grouss ugeluechte Sabotage-Cyberattack op franséischem Territoire.
Frankreich hat die iranischen Revolutionsgarden für Cyberangriffe auf Kühlanlagen in Frankreich verantwortlich gemacht. "Es ist der erste groß angelegte Cyberangriff zu Sabotagezwecken auf dem nationalen Hoheitsgebiet", sagte der französische Außenminister.
© TT NEWS AGENCY/AFP/Archiv

Frankräich reprochéiert dem Iran hannert de Cyberattacken op d'Frigoe vu Supermarchéen ze stiechen. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot behaapt déi iranesch Revolutiounsgard wier fir dës Serie un Attacke responsabel.

Dëst wier déi éischt grouss ugeluechte Sabotage-Cyberattack op franséischem Territoire, esou de Barrot e Méindeg zu Paräis. Am Oktober waren alles an allem 700 Supermarchéen a Frankräich vun där Attack betraff. Elo géifen op europäeschem Plang Sanktioune géint déi Responsabel ausgeschafft ginn. Ma och Frankräich selwer wëll verhältnesméisseg an noutwenneg Mesuren decidéieren. D'Justiz wier scho mam Fall befaasst an och den iraneschen Ambassadeur soll abestallt ginn.

Bis ewell war net bekannt, wien hannert den Attacke stieche soll. Et gouf Vermutungen, datt et hybrid Attacke vu russescher Säit kéinte sinn. Nieft Frankräich waren och Lëtzebuerg a sëllegen aner europäesch Länner vun de Cyberattacke betraff, déi dozou gefouert hunn, datt grouss Quantitéiten u Liewensmëttel hu missen ewech geheit ginn.

De franséische Parquet huet Ermëttlunge wéinst falschem Zougrëff op e System, fir Donnéeën ze veraarbechten, opgeholl, "fir enger auslännescher Muecht ze déngen, nämlech dem Iran". D'Ermëttlunge riichte sech géint d'Cyber-Unitéit mam Numm Schahid Kaweh, déi zu der iranescher Revolutiounsgard gehéiert. Géingt hire Chef wieren international Mandat d'arrêten ugefrot ginn.

Vun den Attacken a Frankräich an der Nuecht op den 12. Oktober waren an éischter Linn Killsystemer betraff, där hir Sécherheetssystemer vereelzt waren. D'Ugräifer haten dem Parquet no op Distanz iwwer den Internet d'Kontroll iwwer d'Apparater iwwerholl a se temporär onbegrenzt op héich Temperaturen agestallt. Donieft huet si d'Alarmsystemer ausgeschalt, déi bei deenen Temperaturen ausgeléist gi wieren. A ronn 20 Fäll ware souguer Bränn ausgebrach. D'Ermëttler sinn op IP-Adresse gestouss, déi op den Iran verweise géingen.

Méi spéit hu sëllege weider europäesch Länner Cyberattacken op Frigoen a Killsystemer a Supermarchéen. D'G7-Ausseministere wëllen en Dënschdeg iwwer d'Situatioun am Iran beroden. D'Reprochë vu Frankräich géint den Iran wéinst de Cyberattacken dierften do och Theema sinn.

Back to Top
CIM LOGO