Zu SuessemAlkoholiséierte Chauffer rennt an e Gefaangenentransport

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwee Tëschefäll mat Alkohol um Steier vum Weekend.

Géint 6:15 Auer e Sonndegmoien ass et an der Ausfaart vun der A13 zu Suessem zu engem Accident komm, an deen och e Gefaangenentransport verwéckelt war. Den éischten Erkenntnisser no, huet e Chauffer hei d'Virfaart ignoréiert, an ass mat sengem Gefier an den Transporter gerannt. Beamte vun der Police hu beim Chauffer däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum festgestallt. Doropshi gouf en Alkoholtest gemaach, deen dann och positiv war. D'Beamten hunn de Fürerschäi vum Mann agezunn et gouf e Protokoll erstallt. De Gefaangenentransport konnt nom Accident weiderfueren.

Géint 22:30 Auer hu Polizisten dann e Gefier op der N6 tëscht Capellen a Mamer kontrolléiert. Och hei huet de Chauffer däitlech alkoholiséiert gewierkt an den Test war positiv. D'Beamten hunn e provisorescht Fuerverbuet verhaangen an e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO