De Magazin TalkZwee Lëtzebuerger probéieren an den USA, an der Bicher-Welt Fouss ze faassen

Kevin Kayser
De Ken Mélo huet vill Talenter, hien ass Acteur, Auteur a Realisateur a probéiert a der Filmstad Los Angeles Fouss ze faassen. De Marc Weidert dogéint wunnt zu New York a schreift do seng Bicher.
De Magazin Talk mam Ken Mélo a Marc Weydert
Wärend de Ken Mélo zu LA lieft a schafft, mécht de Marc Weydert dëst vun New York aus.

Mat villen Talenter kommen och vill Aufgaben. Ma fir de Ken Mélo ass kloer, datt hien net ëmmer all Roll iwwerhuele muss. "Ech muss elo net an all Projet zum Beispill virun der Kamera sinn. Ech muss och net bei all Projet d'Realisatioun maachen. Et kann e Projet kommen, wou ech just schreiwen."

A sengem Buch mam Titel "Unveiling of the Last Testament" geet et ëm de Malcom X an ëm d'Fro, ob dësen no sengem gewaltsamen Doud senger schwangerer Fra nach e leschte Message fir d'Welt hannerlooss huet.

De Ken Mélo huet an Irland Hexagon Productions gegrënnt an d'Buch ass vun dësem "Laboratoire", wéi de Ken Mélo et nennt, den éischte Projet. Et soll awer net bei Bicher bleiwen, well mat den neien Technologie muss ee sech och an der Filmwelt nei erfannen.

Vun LA eriwwer op New York. Do lieft de Marc Weydert an dësen huet e Buch iwwert de Mupp Bill geschriwwen. Ma de Bill huet ee klenge Problem, well hie billt net, mä miaut. Inspiratioun vum Marc Weidert ass säin eegenen Hond Pedro, deen zwar net miaut, mä gäre séngt, wann och net gutt.

Den Marc Weydert spiert beim Schreiwe vu senge Bicher keen Drock, well et ass kee Muss, mä et ass Spaass. "Vue datt et eppes ass, wat mer Spaass mécht a wann et näischt ass, wou ech elo muss Liewen dovunner, ass mengen ech vill manner Drock do wéi wann et aneschters wär". An dofir plangt hien och nach zesumme mat der École Sainte-Sophie fir hire 400. Gebuertsdag e Buch fir Kanner, wat d'Geschicht vun der Schoul an de Mëttelpunkt setzt.

Back to Top
CIM LOGO