Zënter Joeren ass hei an och an der KLACK fir eis Sprooch rieds dovun, datt mir bei der Iwwersetzung vun engem däitschen Text-Original ëmmer erëm gär ‚mat der décker Zéiw?‘ an déi houdäitsch Schinn erageroden… an net méi gutt erauskommen.

Gewëss, d’Lëtzebuergescht ass nun emol eng germanesch-fränkesch Sprooch, ower et huet sech esou weiderentwéckelt („un dialecte qui a réussi!“), datt et vum Däitschen ongeféier esouwäit ewech ass wéi dat Nidderlännescht; wéinst senger direkter geographescher, historescher an intellektueller Noperschaft mam Franséischen, hu mir ower och en Hank am Molière säin IDIOM; hei steet fir ‚Sprooch‘ bewosst de griecheschen Ausdrock fir ‚Sprooch‘, deen ee vun de weltbeschte Linguisten, de Professer vum Collège de France a Member vum ‚Institut‘ Claude Hagège, och fir jidfer Sprooch virschléit. ‚Dialekter‘sinn no senger Klassifizéierung  méi oder manner  regional/lokal  Variante vun enger bestëmmter Sprooch! Dee Mann schwätzt a schreift spilles eng Dose Sproochen, an, wéi soen d’Leit: Dee misst et jo bal wëssen.

Nach méi ewéi villmools-dacks ass hei an anerwäerts – noweisbar! –  geschriwwe ginn, eis jonk Leit fir dat ‚berufflecht‘ Lëtzebuergesch missten e Studium/Stage fir d’Sprooch kréien. Dat wier  nëmmen zevill normal, well jidfer Enseignant, ob an der Grondschoul oder dem ‚Secondaire‘ gëtt jo och eréischt an- oder ugestallt, wann hien seng Stage-Joere gemaach… a gepackt huet! Hei sinn ower net nëmmen déi ‚eenzel’ Pressorgane verantwortlech, mä eise Staat! Mir hunn d’Infrastruktur fir esou Stage-Coursën ze organiséieren an ze halen: den INL, den Institut fir Sprooch(en)!  Do, an op eiser Universitéit ginn dach Leit fir d’Lëtzebuergescht forméiert… an esouguer bis bei de Master diplomiéert, fir si kënnen op Stodente ‚lasszeloossen‘… wourop waarde mir dann nach fir déi, déi mat hirem ‚Lëtzebuergesch-Handwierksgeschier‘ Zengdausende vu Lauschterer a Lieser beaflossen.?

Et vergeet bal keen Dag, wou äre Schreiwert net ugeruff oder geschriwwe kritt, et hätt erëm een(t) um Radio oder der TV ‚eng Kueberei lassgelooss‘… hien/si hätt och dohinner telephonéiert… wat natierlech rosewéing déngt, well den Telephon ass gedëlleg an esouguer heiansdo e ‚Ligener‘. Just hei um RTL.LU huet dat fir mech en Zweck, well ech do ‚ee kennen, deen ee kennt, deen ee kennt, asw. An, éierlech gesot: Ech sinn dees och heinsdo esou midd/sat wéi deer kaler Ierzen.

Wat solle mir da vun deem riichtewechen Däitsch halen: de Putin hätt ‚zougeluecht‘, an hie wier ‚zréckgewielt‘ ginn, hätt also keng ‚Fiedere‘ gelooss, well eng méi grouss ‚Unzuel‘ Russen hie gewielt hätten; vum Abriecher an der Philippsgaass wier e Phantombild ‚erstallt‘ ginn… oder an engem Parblat fir d’Ouschteren, ‚Gott huet Jesus operweckt‘… dat ass dach alles muttwëlles eragebruetent Däitsch! Dat brauche mir am normale Lëtzebuergesch op kee Fall, weel de Putin huet bäigeluecht, hien asserëmgewielt ginn an huet och keng Plomme gelooss; vum Gangster an der Stad guff e Phantombil zesummegestallt ; de Jesus ass vum Herrgott erwächt ginn. Kéipweis, kuerbelweis a maandelweis deer Sproochspläitere stiechen an deem, wat esou dorëmmer… doruechter(!) gemaach gëtt. Sécher: et muss jo kee schlechte Wëll sinn, oder just deen, datt et engem egal ass. Mä da muss een sech ower emol éierlech froen, ob een op deer richteger Plaz sëtzt.

Vläicht och, ob déi Verantwortlech dee richtege Stull erwëscht hunn.